Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Gedanke maachen iwwert de Schoulsystem"

Jean Guill vun der CSSF

"Gedanke maachen iwwert de Schoulsystem"

D'Land ass gutt opgestallt, mee iwwert de Schoulsystem misst ee sech vläit Gedanke maachen. Dat seet de Jean Guill, dee no sechs Joer un der Spëtzt vun der Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz (CSSF), de 5. Februar an d'Pensioun geet.

François Aulner

auto_stories

2 min

De Jean Guill, Nach-Direkter vun der CSSF, geet Ufank Februar an d'Pensioun.

"Mir hunn e Schoulsystem, deen einfach net deem entsprécht wat haut an der Gesellschaft, a net nëmmen an der Wirtschaft (...), gebraucht gëtt", seet de Jean Guill. Et géing him Leed doen, datt een eigentlech net vill Leit aus de Lëtzebuerger Schoule géing fannen. "T'ass jo schéin, datt mer an der Groussregioun genuch Leit nach fannen, mee eigentlech wier et besser wa mer och nach méi Jonker hätten déi iwwerhaapt wéissten wéi eng Méiglechkeeten et hei gëtt an déi dat och an de Schoule vermëttelt kréien". Heiansdo misst een en ale System kënne rausgeheien fir ee neien dohinner ze setzen. "Ech weess awer och, datt dat utopesch ass", esou de Jean Guill.

Finanzplaz gutt opgestallt

Dem Jean Guill no, hätt d'Finanzplaz et fäerdegbruecht sech ëmmer rëm nei z'erfannen a wier och gutt opgestallt. Allerdéngs misst se och an Zukunft ëmmer dofir suergen, datt se "konkurrenzfäeg" bleift. "Well mir musse wëssen: t'ass eng international Finanzplaz an et ass keen hei wéinst eise schéinen Aen." Virun allem misst een awer och de Ruff vum Standuert fleegen: "well mer als Land kleng sinn an dacks attackéiert ginn, fir Saachen déi vill méi harmlos sinn a vill manner Gedauschs berechtegen, wéi dat an anere Länner de Fall ass." D'Finanzplaz wéisst awer domadder ëmzegoen.

Méi schaarf Zänn fir d'CSSF

Dem Nach-Direkter vun der Iwwerwaachungskommissioun no, hätt d'CSSF déi néideg Instrumenter fir d'Finanzplaz ze kontrolléieren. Trotzdem wënscht de Jean Guill sech nach méi Moyenen fir d'CSSF, virun allem fir Sanktiounen kënnen ze verhänken. D'CSSF wier op deem Punkt nämlech "schappeg drun". "Dat muss efficace an dissuasiv sinn. Dat wat mer am Moment hunn ass weder dat eent nach dat anert." D'Sanktioune misste net a Milliardenhéicht kenne goen. A Milliounenhéicht wier awer ubruecht, well duerch eventuell Frauden och Millioune Beneficer kéinten entstoen.

D'Personal vun der CSSF huet sech déi läscht sechs Joere vun 320 op 640 verduebelt. Deen Trend géing dem Jean Guill no "gebremst" a Richtung 700 virugoen.