Am Secondaire hunn d'lescht Schouljoer all d'Enseignanten zesummen iwwer 10.000 Iwwerstonne pro Woch geleescht, am Fondamental waren et der 2.200.
Den SEW-OGBL hat rezent Alarm geschloe wéinst dësen Zuelen, ganz esou dramatesch ewéi d'Enseignantsgewerkschaft et géif duerstellen, wier et awer net, seet de Lex Folscheid.
Méi Iwwerstonnen am Secondaire
Bal fënnef mol méi Iwwerstonnen am Secondaire wéi am Fondamental, dat ass eng enorm Differenz, dofir gëtt et awer eng ganz einfach Erklärung, sou de Lex Folscheid, de Chef de Cabinet am Educatiounsministère.
An der Grondschoul huet een Enseignant eng Klass, de Gros vun den Iwwerstonne ginn um Ufank vum Joer scho festgeluecht a bezéie sech haaptsächlech op d'Administratioun, z.B. fir de Poste vum Schoulpresident, nëmme vereenzelt kommen der am Laf vum Joer nach bäi. Dofir ass d'Zuel vun Iwwerstonnen hei och éischter geréng.
Am Secondaire halen d'Proffen ee Fach a vill verschidde Klassen. Si mussen dobäi op hire Contingent vu Stonnen (maximal 23) kommen. Dat geet awer ni genee op, vill Enseignante léichen driwwer, sou de Lex Folscheid, an och hei kommen nach Dechargen derbäi.
Personalmanktem: ee grousse Problem
Iwwerstonne géifen am Secondaire awer einfach derzou gehéieren. Problematesch wier awer ganz kloer de Personalmanktem. Bei de klassesche Fächer, Sproochen a Mathematik, hätt een d'Iwwerstonnen zwar stabel gehale kritt, seet de Lex Folscheid.
"Do, wou mer effektiv e reellen Defi hu fir Leit ze fanne fir an eis Schoulen, ass an den éischter méi spezialiséierte Fächer, wa mer an de Beräich gi vun der Informatik, vun der Formation professionelle, d'Beruffer vun der Santé, och emol an der Chimie oder Physik. Do ass et méi ugespaant, an do musse mer eis Gedanke maachen, wéi mer genuch Leit fannen, fir do de Cours ze dispenséieren."
Wat d'Penurie an der Grondschoul ubelaangt weist de Lex Folscheid sech optimistesch, datt dee Problem iwwer déi nächst Jore ka geléist ginn, iwwer déi nei Bachelorformatioun vun engem Joer vun der Uni Lëtzebuerg fir Leit déi schonn e Bachelor hunn a wëlle Schoulmeeschter ginn.
Deelzäitaarbecht: Iwwerstonne sinn net erlaabt
Souwuel am Fondament al, wéi am Secondaire schaffen iwwerdeems ëmmer méi Enseignanten Deelzäit - e Phenomen, deen iwwerall zouhëlt.
An an der Fonction publique gëllt de Prinzip: Wien Deelzäit schafft, dierf keng Iwwerstonne maachen. Dat heescht, ëmmer manner Enseignanten stinn zur Verfügung fir iwwerhaapt zousätzlech Stonnen ze schaffen:
"Mir op eiser Säit kucken natierlech, datt mer déi zousätzlech Posten zur Verfügung stellen, wann de Besoin do ass. Mee wann et ëm déi kleng organisatoresch Saache geet, do brauche mer natierlech och d'Flexibilitéit an den Ekippen, datt zum Beispill ee seet, allez hëpp, ech gi vu 75 op 80 Prozent erop an ech maachen nach déi dote Stonn mat, da brauche mer keen zousätzlechen Intervenant ze sichen."
De Lex Folscheid preziséiert awer, datt déi meeschten Ekippen elo schonn esou géife funktionéieren.