Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer Hannerdieren a sozialen Drock

Fräie Mikro

Iwwer Hannerdieren a sozialen Drock

Mat der Méiglechkeet vum CovidCheck op der Aarbechtsplaz huet sech d'Regierung elo de Reproche agehandelt Drock auszeüben, d'Gesellschaft ze splécken an d'Impfflicht duerch d'Hannerdier anzeféieren. Wouhier kommen esou Iddien iwwerhaapt an eisen ëffentlechen Debat? A wie spléckt dann do d'Gesellschaft?, freet sech am Fräie Mikro de Jean-Jacques Rommes, fréieren UEL-Direkter a Member vum Eethiksrot.

auto_stories

4 min

Virun net manner wéi aacht Méint gouf op dëser Plaz drop higewisen, datt wa mir net alleguer wëllen Deel vun der Léisung sinn, Verschiddener vun eis wuel aus Muttwëll zu engem Deel vum Problem ginn.

Dës Regierung, déi sécher net alles falsch gemaach huet an der Pandemie, huet awer leider wéineg Leadership a wéineg Gradlinnegkeet bewisen an der Fro, wéi vill Solidaritéit an esou enger Katastroph néideg ass.

Trotz enorme fräiheetlechen Aschränkunge fir vill Leit huet si sech do am liberaalste gewisen, wou et am mannsten ubruecht war: dat geet u mat dem permanente Mantra et dierft keng Impfflicht ginn, da mat der Test-Fräiwëllegkeet - och op strategesche Platzen - an net zulescht dem pathetesche Verspriechen et dierft keen Impfpass ginn. An dësem Land gouf et méi Verständnis fir Verweigerer wéi an alle Länner ronderëm eis.

Schlagwierder sinn eidel Phrasen

Den Echo op all déi Toleranz koum prompt a Form vu Schlagwierder wéi: keng Zwouklassegesellschaft, keng Impfflicht duerch d'Hannerdier, keng Spaltung vun der Gesellschaft, keng Privileegie fir Geimpfter - alles eidel Phrasen, déi zu soss näischt gutt si wéi den Impfgéigner Argumenter ze liwweren, mam Resultat vun enger schwaacher Impfquot.

Et dierft kee gesellschaftlechen Drock ginn, dat géif Trotz ervirbréngen, sot eng Gewerkschaft, där hire Fonds de commerce besonnesch aus gesellschaftlechem Drock besteet.

Et gëtt net tëschent richteg a falsch ënnerscheet

Déi nei Regierungsmesirë géif d'Gesellschaft spalten, gëtt gesot, wärend eis Antivax-Beweegung hir Maniff "Marche blanche" betitelt, eng ongeheierlech Usurpatioun, déi vun der Press nogeplappert gouf.

Dat alles spigelt eng Gesellschaft erëm, déi net méi schéngt wëlle kloer tëschent richteg a falsch ze ënnerscheeden. Et ass richteg a wichteg sech impfen ze loosse fir déi schwächst an der Gesellschaft net ze gefährden. Et ass onëmgänglech, datt iwwer 80 Prozent vun eis erkrankt oder geimpft sinn, ier mir all kënnen eis Fräiheeten erëmkréien. Dat ass keng Meenung: dat ass Fakt.

Mir mussen net den allergréisste Respekt hu fir déi, déi dat ëffentlech leegnen an dobäi déi riseg Majoritéit vun der Bevëlkerung als Geisel huele fir hiert Recht Onrecht ze hunn.

D'Kris ass net eriwwer

D'Regierung wier gutt berode gewiescht scho virun engem Joer ze soen: Mir probéieren eng Impfflicht ze vermeiden, mee mir kënnen dat net garantéieren. Mee dat bëssen Drock war anscheinend net zoumuttbar. Och honnerte vun Doudegen an de Fleegeheimer sinn hir net duergaange fir ze soen, datt de Betrib an esou enger Pandemie misst kënnen tëscht Geimpften an Ongeimpften ënnerscheeden.

Dës Kris ass net eriwwer, wéi d'Evolutioun a Groussbritannien an déi traureg Noriichten aus de Fleegeheimer beweisen. Elo seet d'Regierung endlech, datt et och Zäiten an Ursaache ginn, wou e bëssen Drock néideg ass. Uff! Eng Regierung ass schliisslech net nëmmen do fir eis Fräiwëllegkeeten ze managen. Oder muss een dat och nach bei der Mënscherechtskommissioun argumentéieren?

Dat gemeinsaamt Interesse soll demokratesch duerchgesat ginn

Iwwer 400.000 Leit am Land schaffen ënner erschwéierte Bedingungen, déi festgehale goufen ier iwwerhaapt eng Impfung zur Verfügung stoung. Elo, wou 300.000 geimpft sinn, soll et eis e bëssen Drock wäert sinn hinnen hir Gesondheet ze schützen an hir Beweegungsfräiheet esou wäit wéi méiglech erëm ze ginn.

Sécher: eng fräiheetlech Gesellschaft, déi wäitestgehend op individualistesche Wäerter opbaut, probéiert gesellschaftlechen Drock - och a grad op d'Minoritéiten - ze vermeiden.

Mee en eendeitegt gemeinsaamt Interesse, wéi déi ëffentlech Gesondheet, oder einfach déi wëssenschaftlech Wourecht, muss awer och kënnen demokratesch duerchgesat ginn.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.