Iwwer Beamten, déi kal gestallt goufen

Der 100,7-Redaktioun ass e Fall bekannt vun engem Fonctionnaire am Staatsministère, deen dräi gutt informéierte Sourcen no während iwwer 10 Joer kal gestallt war. Och Interventioune vun der CGFP hunn näischt doru geännert.

Lauschtert de Bäitrag vum Jean-Claude Franck am Mëttespanorama:

 
audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/JCF-kaalgestallt-Staatsbeamten-fir-Blog.mp3"][/audio]

Hei den Detail :

Den héije Beamten ass no de Chamberwahle vum Oktober re-aktivéiert ginn. A Ministère s-Kreeser heescht et, de qualifizéierte Fonctionnaire hätt nei Aufgabe kritt an hätt dat och direkt akzeptéiert.

Ënnert dem Staatsminister Jean-Claude Juncker soll dat anescht gewiescht sinn. Während Joeren hätt de Beamten näischt ze di gehat, an eise Sourcen no, huet en och méi wéi eng Kéier gefrot, Aarbecht ze kréien. Datt d’Gewerkschaft sech ouni Erfolleg fir en agesat huet, beleet, datt e sech net domat offonnt huet, ouni Aarbecht ze sinn. Och soll e gutt mam fréiere Staatsminister Jacques Santer zesumme geschafft hunn. Deen huet de Fonctionnaire zum Conseiller de Gouvernement gemaach, a mat op Bréissel geholl a säi Cabinet an der EU-Kommissioun.

1997 ass de Concernéierten nees Fonctionnaire ginn. E gouf an de Wirtschafts a Sozialrot détachéiert an du bis ongeféier 2002 an de Fuerschungsinstitut CEPS. Dono koume laang Joeren ouni konkret Missioun an ouni Opträg.

Firwat de Beamten ënnert dem Jean-Claude Juncker kal gestallt war, trotz héije Qualifikatiounen an engem héije Salaire, gëtt vun eise Sourcen op e puer Saachen zréck gefouert: engersäits wéinst der Publikatioun vun engem Portrait vum Beamten an enger schwäizer Zeitung – en Artikel, deen dem Jean-Claude Juncker net soll gefall hunn. Anerersäits sollen och aner Fonctionnairen am Staatsministère dogéint gewiescht si, mam Beamten zesummen ze schaffen. De Fonctionnaire soll enger gutt informéierter Source no bis ongeféier am Joer 2000 eng Memberskaart an der CSV gehat hunn.

Woubäi déi Erklärungen näischt um prinzipielle Problem änneren, datt Beamte während Joere kal gestallt – an trotzdem weider bezuelt ginn. Déi concernéiert Persoune ville sech deelweis gemobbt, a kënne perséinlech wéi och mat der ganzer Famill ënnert hirer Situatioun leiden. Donieft si Staatsgelder am Spill, fir déi et keng Géigeleeschtung gëtt.

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen