Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iechternach: D'Meenungen iwwer d'Petite Marquise ginn auserneen

Live vun Iechternach

Iechternach: D'Meenungen iwwer d'Petite Marquise ginn auserneen

Zu Iechternach gëtt virun de Gemengewale weider driwwer diskutéiert, wéi ee mat den archeologesche Fondstécker soll ëmgoen, déi am Stadzentrum um Site vum fréieren Hotel "Petite Marquise" fonnt goufen.

auto_stories

2 min

Foto: Jo Diseviscourt

Den Historiker Henri Trauffler huet sech dofir ausgeschwat e Musée op dëser Plaz ze bauen. Hie betount, esou Projete sollt een net just vum Käschtepunkt ofhängeg maachen.

Dat gesäit den CSV-Buergermeeschter Yves Wengler anescht. An eisem Debat op der Iechternacher Maartplaz huet hie virun ze héije Käschte fir d'Gemeng gewarnt. D'Carole Zeimetz vun déi gréng war awer net domat averstanen.

"De Kulturministère ass gewëllt do ze hëllefen, mee do muss een dann och nach bei aner Ministère siche goen. Zum Beispill bei den Tourismus. Da ginn et och europäesch Gelder, well mir hunn do wierklech e Fund den an Europa eenzegaarteg ass. Ech mengen et muss een hei Synergië schafen, an eis Maartplaz domat fir de Bierger erëm opwäerten."

Den CSV Buergermeeschter Yves Wengler wier ganz iwwerrascht, wéi d'Prioritéite géife gesat ginn. Engersäits géif gesot ginn, datt gespuert misst ginn, anerersäits kéinte si d'Suen grousszügeg ausginn.

"Mir hunn am Gemengerot e Vott geholl fir eng Variant, déi mat wéineg Personalkäschte funktionéiert, well de Kulturministère bezilt keng Personalkäschten. An dofir verstinn ech iwwerhaapt net, firwat déi gréng awer esou drop poche fir e Projet ze maache fir dee mir 12 bis 15 Mann Personal bräichten - well déi bleiwen erëm un der Täsch vun der Gemeng Iechternach hänken."

Nieft dem CSV-Buergermeeschter Yves Wengler, an dem Carole Zeimetz vun deene Gréngen, ware bei eiser Table Ronde op der Iechternacher Maartplaz och d'Carole Hartmann vun der DP an de Ben Scheuer vun der LSAP dobäi.