De Responsabele vun der kathoulescher Hëllefsorganisatioun betount am 100,7-Interview d'Aarbechtskonditioune fir seng Mataarbechter op der Plaz wieren iwwer dat lescht Joer esouguer méi sécher ginn, well et ënnert der Féierung vun der Taliban manner Attentater an Entféierunge gëtt.
De gréisste Problem fir d'Caritas wier am Moment, datt et schwéier ass Suen an Afghanistan ze iwwerweise fir d'Mataarbechter op der Plaz ze bezuelen.
Déi lokal Banke géifen ënner der Kontroll vun den Taliban stoen. "Und ich glaube keiner möchte, dass Luxemburger Steuermittel an die Taliban geschickt werden." D'Caritas kéint also just kleng Beträg u Banke schécken, déi ënner internationaler Kontroll stinn. Aus deem Grond wier et am Moment schwéier d'Mataarbechter op der Plaz ëmmer pünktlech ze bezuelen, esou de Michael Feit vun der Caritas.
Manner Entféierungen an Attentater
D'Aarbechtskonditioune vun de Caritas-Mataarbechter hätte sech iwwer dat lescht Joer allerdéngs net verschlechtert.
"Natürlich: Die Taliban sind eine Organisation, die undemokratisch ist, die terroristisch ist, und unter der kein Mensch leben will - aber sie hat zumindest eine gewisse Sicherheit gebracht."
Et géif manner Attentater an Entféierunge ginn an Hëllefsorganisatioune wéisste genee, wat se maachen dierften a wat net.