Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Max Hahn: "Et muss ee Sputt fir déi nächst Tripartite hunn"

Staatsbudget 2023

Max Hahn: "Et muss ee Sputt fir déi nächst Tripartite hunn"

De Budgetsrapporter Max Hahn huet d'Decisioun vun der Regierung, fir zu dësem Zäitpunkt keng Steierreform ze maachen, am 100,7-Interview verdeedegt. Et sollt ee kucken, wéi d'Finanzsituatioun sech 2023 entwéckelt, fir dann am Laf vum Joer eventuell déi eng oder aner punktuell Adaptatioun ze maachen, sou den DP-Deputéierten.

auto_stories

1 min

Et misst ee kucken, wéi d'Energiepräisser evoluéieren, ënnersträicht de Max Hahn.

Sollt d'nächst Joer eng drëtt Indextranche erfalen, misst déi - sou wéi et am Tripartitesaccord virgesinn ass - vum Staat iwwerholl ginn. "Dat ass och ee bedeitende Käschtepunkt", seet den DP-Deputéierten.

Grouss Steiererliichterunge wieren am Moment net dran, well ee Spillraum bräicht fir eventuell weider Krisemesuren ze finanzéieren.

"Wann nach eng Tripartite kënnt: och déi wäert net fir näischt sinn an och déi wäert nach eng Kéier Geld kaschten. Dat awer gutt investéiert ass, fir de Leit an de Betriber ze hëllefen. An ech denken, och dofir muss een da Sputt hunn, wann ee gesäit, datt déi Situatioun sech net verbessert. An dat gesinn ech am Moment nach net."

Hie géif nämlech keng Verbesserung vun der Situatioun komme gesinn. Muer presentéiert de Max Hahn der Chamber säi Rapport iwwer de Budgetsprojet 2023.