Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Night Crawling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Henri Trauffler: "Schoulflicht bis 18 ass net déi richteg Approche"

Schoulsystem

Henri Trauffler: "Schoulflicht bis 18 ass net déi richteg Approche"

De Lycée Classique vun Iechternach kritt eng nei Direktesch. D'Coryse Hubert, d'Adjointe vu bis elo, gëtt déi éischt Direktesch an der Geschicht vun der Schoul. Si iwwerhëlt d'Successioun vum Henri Trauffler, deen den Donneschdeg Owend säin Abschid gefeiert huet.

auto_stories

2 min

Henri Trauffler, Direkter vum LCE (Foto: Maurice Molitor)

No exakt 20 Joer ass de Freideg säi leschte Schaffdag als Direkter vum Iechternacher Lycée virun der Pensioun.

Kontraproduktiv Promotiouns-Critèren

Hien huet mat engem kritesche Bléck op d'Entwécklung vum Schoulwiesen an de méi wéi 40 Joer, déi hien am Enseignement war, zréckgekuckt, an dobäi ënnert anerem déi - a sengen Aen - ze vill large Promotiouns-Krittären op den ënneschte Klassen am Enseignement général kritiséiert. Den Henri Trauffler fënnt déi wiere kontraproduktiv.

"Ech gebrauchen ëmmer d'Bild vun engem Liichtathlet, dee 1500 Meter soll lafen. 'Du kanns elo 1.000 Meter zu Fouss goen, eventuell eng dertëscht fëmmen, dech op d'Bänk setzen, an déi lescht 500 Meter sprints de wéi e Geck.' Dat geet net. Wann de Schüler net gewinnt ass en Effort ze maachen, da kritt en dee Sprint do och net méi hin."

Hien ass der Meenung, datt dat ee grousse Feeler wier. Den Henri Trauffler erkläert, datt een an den ënneschte Klassen am Enseignement général mat siwen Datze kéint duerchkommen. Déi Rechnung géif opgoe bis se op enger 5ème wieren, da misste se an d'formation professionnelle wiesselen. A sengen Ae wier dat net déi richteg Motivatioun.

Keng Konkurrenz tëschent de Schoulen

Den Henri Trauffler ass net iwwerzeegt vum Foisonnement, datt also ëmmer méi Sektioune geschafe ginn, déi awer net all Lycée géif ubidden. Doduerch géif een Konkurrenzgeescht tëschent de Schoule entstoen. D'Schoul wier een ëffentleche Service an do däerft net ze vill Konkurrenz ënnertenee sinn.

Et misst een awer am Hannerkapp halen, datt net all Schoul kéint déi ganz Offer proposéieren. Ee vun de Probleemer dee sech wäert stellen, wier eng Penurie vun Enseignanten. Den Iechternacher Direkter mengt, datt et net méi wäert méiglech sinn, déi ganz Bandbreet vun de Coursen an deene verschiddene Sektiounen ze assuréieren.

D'Initiativ vum Handwierk méi attraktiv gestalten

Hie steet dem Projet vum Educatiounsminister fir d'Schoulflicht vu 16 op 18 Joer eropzesetzen éischter skeptesch géigeniwwer.

Zu Iechternach hätt eng ganz Partie vu Schüler déi potentiell Décrocheure wieren. Et géif een deenen direkt ofgesinn, datt se keng Loscht méi hätte mat Theorie bombardéiert ze ginn a géife léiwer schaffe goen. Lëtzebuerg feelt et un Handwierker.

Den Direkter géif et méi sënnvoll fannen, wa Moossnamen ergraff géife ginn an d'Handwierk méi attraktiv fir déi Jonk ze gestalten. Et wier net déi richteg Approche fir d'Schoulflicht op 18 Joer ze strecken an dat nëmme fir, datt d'Zuel vun den Décrocheuren net weider eropgeet.