Radioen

On air

Tockcity  |  Girl In Red - Doing It Again Baby

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invitatioune fir Boosterimpfunge sinn ënnerwee

Impfcampagne

Invitatioune fir Boosterimpfunge sinn ënnerwee

De Méindeg si ronn 41.000 Invitatioune fir déi sougenannte Booster-Impfung mat der Post erausgaangen. Jiddwereen iwwert 18 Joer kritt no sengem kompletten Impfscheema deemnächst esou eng Opfrëschungsimpfung ugebueden.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'Invitatioun fir d'Booster-Impfung gëtt automatesch verschéckt. Dëst an der Woch nodeems den Delai vu sechs Méint no der zweeter Pfizer/Biontech-, Moderna- oder AstraZeneca-Impfung ofgelaf ass. Bei der Johnson&Johnson-Impfung ass dësen Delai just e Mount laang.

Fir d'Opfrëschungs-Impfung gëtt en mRNA-Vaccin vu Pfizer/Biontech oder Moderna benotzt.

Den Haut Commissaire à la Protection Nationale Luc Feller, den d'Impf-Campagne fir d'Santé organiséiert, präziséiert, datt déi zwee Impfstoffer d'selwecht gutt wieren. D'Statistike géife souguer weisen, datt dee vu Moderna e bësse méi effikass ass, well Impfduerchbréch mat dësem Impfstoff liicht manner heefeg sinn.

Wann déi zwee Impfstoffer am Centre de vaccination disponibel sinn, kéinten d'Leit sech deen auswielen, dee se gär hätten. "En ass awer net all Dag disponibel duerch logistesch Ëmstänn an dann ass et eben ee vun deenen zwee. Entweder Pfizer oder Moderna." An Dokteschpraxisse gëtt kee Moderna verimpft, well d'Killketten hei net kéint garantéiert ginn.

Et loosse sech vill Leit beim Hausdokter impfen

Logistesch gesäit de Luc Feller kee Problem fir d'Booster-Campagne. Déi dräi Impfzentren zu Ettelbréck, Esch an der Victor-Hugo-Hal an der Stad géingen opbleiwen an hätten eng Capacitéit vu 25-26.000 Leit d'Woch. Dobäi kéimen eng 295 Dokteren, déi an hire Praxissen impfen.

An der leschter Zäit wieren och verstäerkt Impfunge bei Hausdoktere gemaach ginn. "Iwwert déi lescht sechs Wochen hu mir all Woch eng Steigerung gehat bei den Dokteren. Et loosse sech mëttlerweil ganz vill Leit beim Dokter impfen."