Interview mam neien Direkter vum Fonds Belval

De neien Direkter vum établissement public Fonds Belval wëll bei der Weiderentwécklung vum Site vu Belval méi op nohaltegt Baue setzen. Am 100,7-Interview envisagéiert de Luc Dhamen en deementspriechend innovativt neit Gebai vun der Nohaltegkeet. D’Wëssen an d’Kompetenzen an deem Beräich wäre ginn: an zwar mat der Uni an de Centre de Recherche publics um Site selwer. De Luc Dhamen wëll mam Verwaltungsrot an dem zoustännege Minister zesumme kucke wéi esou e Projet kéint realiséiert ginn. Den aktuelle Vize-Direkter vun de bâtiments publics iwwerhëlt den 1. Juli d’Successioun vum Alex Fixmer, deen als Direkter vum Fonds Belval an d’Pensioun geet.

Den Interview mam Mick Entringer:

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen