Interview mam Greenpeace-Direkter Kumi Naidoo
Greenpeace ass virun der Protest-Aktioun am September géint eng Buerinsel vu Gazprom an der Arktis, net direkt viru Konsequenze gewarnt ginn. Dat sot den Direkter vu Greenpeace international am 100,7-Interview. De Kumi Naidoo war selwer 2012 schonn un enger éischter Demo-Aktioun géint déi selwecht Buerinsel bedeelegt. Datt d’Ëmweltorganisatioun 2013 mat enger zweeter Aktioun (a Risiken fir hier Aktivisten) d’Opmierksamkeet vun der Ëffentlechkeet wollt erbäizwéngen, huet den Direkter vu Greenpeace international ofgestridden. D’Aktioun am September, bei där 30 Greenpeace-Aktivisten vum “Arctic Sunrise” duerch d’russesch Autoritéiten festgeholl goufen, wier keng "PR-Aktioun" gewiescht, esou de Kumi Naidoo:
[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/Naidoo-Kuerz.mp3"]
De Kumi Naidoo sot sech frou, datt dee läschte vun den 30 Aktivisten, déi festgeholl gi waren, d’läscht Woch begnodegt goufen an elo doheem sinn. Den Direkter vu Greenpeace International huet awer wéi gesot insistéiert, datt d’Ëmweltorganisatioun sech näischt virzewerfen hätt. Greenpeace wëll weider géint d’Bueren an der Arktis virgoen. Donieft wëll d’Organisatioun hiert Schëff “Arctic Sunrise” vun de russeschen Autoritéiten zeréckkréien.
De ganzen Interview vum François Aulner mam Kumi Naidoo (op Englesch):
[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/Naidoo-laang.mp3"]