"Intérêts Notionnels" vum Dësch

D’Iddi vun den "Intérêts Notionnels" ass vum Dësch. Dat krute mir aus Regierungskreeser confirméiert. De Finanzminister Pierre Gramegna wollt d'Informatioun net kommentéieren. Offiziell gouf während der Regierungsklausur leschte Sonden zu Sennéng festgehal, de Finanzminister géif nach emol d’Vir- an d’Nodeeler vun der ëmstriddener Steiererliichterung fir Betriber préiwen. Während den DP-Fraktiounschef Eugène Berger op Nofro hinn betount, d’Resultat vun däer Etude wier oppen, schwätzt den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry vun enger negativer Grondstëmmung géigeniwwer der Mesure.

Déi gréng Fraktiounscheffin Viviane Loschetter an den LSAP-Deputéierte Franz Fayot haten dëse Méinden am 100,7-Interview hier Bedenke geäussert wat méiglech negativ Konsequenze vun der Mesure ugeet. Dat besonnesch fir de Staatsbudget, mee och fir de Ruff vum Standuert Lëtzebuerg.

D’"Intérêts Notionnels" erlaben et Betriber fir eng fiktiv Zënslaascht steierlech ofzesetzen, wann se eegent Kapital benotze fir ze investéieren, amplaz e Kredit opzehuelen. D'DP haat des Mesüre an hierem Wahlprogramm stoen, am Koalitiounsaccord gouf festgehalen: "Le Gouvernement mettra aussi en place un mécanisme d’intérêt notionnel afin d’encourager les entreprises à renforcer le financement par fonds propres (tout en mettant en place les mesures nécessaires pour éviter des abus)."

E grousse politesche Risiko geet d’Regierung net an, wann se d’"Intérêts Notionnels" fale léisst: och wann d'Betriber des Steiererliichterung à priori favorabel gesinn, ginn sech och hei Froe gestallt wat déi konkret Virdeeler ugeet. Am 100,7-Interview seet de Marc Wagener vun der Chambre de Commerce et hätt een sech d'Fro gestallt, wéi sech d'Mesure aschreift an déi international Beméiunge géint d'Steierflucht vu multinationalen Entreprisen. Den Direkter vun der "Fédération des Artisans" Romain Schmit proposéiert sengersäits, et sollt ee sech um Beispill Lichtenstein inspiréieren: do géifen och déi kleng a mëttel Betriber vun den "Intérêts Notionnels" profitéieren. Béid Interviewpartner sinn awer der Meenung, dass et och aner Mesure ginn, fir Betriber zu méi Investitioune mat Eegekapital z'encouragéieren.

De Bäitraag vum Pia Oppel

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen