"Intérêts Notionnels": déi Gréng an LSAP hunn Bedenken

Ginn déi sougenannt “Interêts Notionnels” wierklech agefouert, sou wéi dat am Koalitiounsaccord steet? Op Nofro hinn, hunn déi gréng Fraktiounschefin Viviane Loschetter an den LSAP-Deputéierte Franz Fayot hier Bedenke geäussert, wat méiglech negativ Konsequenze vun dëser Steiermesure ugeet. Dat besonnesch fir de Staatsbudget, mee och fir de Ruff vum Standuert Lëtzebuerg. Den DP-Fraktiounschef Eugène Berger ass der Meenung, dass een der Regierung Zäit soll loossen, fir d’Mesure ze préiwen, an e Gesamtkonzept am Kader vun enger Steierreform virzeleeën. D’Haaptiddi wier fir nei Betriber unzezéien an d’Attraktivitéit vun der Finanzplaz ze verbesseren.

Op Nofro beim LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry huet et geheescht, dass d’"Intérêts Notionnels" e Sonndeg an der Regierungsklausur en Thema waren: eng Decisioun misst bis den 2. Abrëll geholl ginn, den Dag also vun der Declaratioun zur Lag vun der Natioun vum Premier Bettel an der Chamber.

De Koalitiounsaccord gesäit d’Aféiere vun den “Intérêts notionnels” fir: d’Mesure erlaabt et Betriber fir eng fiktiv Zënslaascht steierlech ofzesetzen, wann se amplaz e Kredit opzehuelen, eegent Kapital benotze fir ze investéieren.

An der EU huet bis ewell just d’Belsch des Steiererliichterung fir Betriber agefouert. D’Mesure ass ëmstridden, well se besonnesch multinationalen Entreprisen erlaabt Steieren z’evitéieren.

De Bäitraag vum Pia Oppel:


en Interview mam Eugène Berger (DP):


en Interview mam Viviane Loschetter (déi Gréng):


en Interview mam Franz Fayot (LSAP):

 

D’"Intérêts Notionnels" waren och en Thema dëse Méinden am Stater Gemengerot: den CSV-Conseiller an Députéierte Laurent Mosar huet do déi heite Fro gestallt:


éi gréng Finanzschäffe Sam Tanson huet geäntwert, dass de Gemengenniveau net de Richtege wier, fir iwwert d’Fro vun den "Intérêts Notionnels" ze diskutéieren.

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen