Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - Sol

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Integratioun vu Flüchtlinge fërderen

Caritas Lëtzebuerg

Integratioun vu Flüchtlinge fërderen

Caritas Lëtzebuerg geréiert eelef Foyere fir Asyldemandeure mat enger Gesamt-Kapassitéit vun 1.240 Plazen. Ronn een Drëttel vun de Platzen ass fräi, esou de Caritas-Vertrieder Yves Schmidt. 200 Persoune, déi de Flüchtlingsstatut accordéiert kritt hunn, liewen an de Foyeren. Fir hir Integratioun ze fërdere wier et wichteg, datt si eng Aarbecht an eng Wunneng fannen, esou d'Caritas.

auto_stories

2 min

Fir déi 200 Persounen, déi Flüchtlingsstatut hunn, wier et wichteg, si um Aarbechtsmaart z'integréieren an hinnen ze hëllefen, fir eng Wunneng ze fannen. Doduerch soll hir Autonomie garantéiert ginn, esou den Yves Schmidt vu Caritas Lëtzebuerg.

Wann d'Leit zu Lëtzebuerg ukommen, géif et Sënn maachen, datt si an enger Kollektivitéit liewen, fir am Alldag kënne betreit ginn. Virun allem méi vulnerabel Persounen, déi entweder ganz eleng sinn, d'Sprooch net beherrschen oder mannerjäreg sinn, géife vun Accompagnement profitéieren.

Negativ Konsequenze vermeiden

Wann d'Leit awer bis de Flüchtlingsstatut accordéiert kritt hunn, hu se eng Aarbechtserlaabnis. Dee Moment solle si net méi an engem Foyerszëmmer oder an engem Dortoir liewen, esou de Caritas-Vertrieder. Dat hätt soss negativ Konsequenze fir hir Integratioun.

Caritas Lëtzebuerg huet eng Rei Wunnenge vermëttelt, déi d'Proprietairen zu raisonnabele Präisser verlounen. D'Caritas iwwerhëlt de sozialen Encadrement vun de Leit a garantéiert de Proprietairen, datt de Loyer bezuelt gëtt, huet den Yves Schmidt am 100,7-Interview erkläert.

Qualitéit vun de Sproochecoursë muss stëmmen

De Familljeministère wëllt d'Integratioun vun den Asyldemandeure fërderen. De Projet PIA, de "Parcours d'intégration accompagnée”, deen am Mäerz am Regierungsrot ugeholl gouf, proposéiert d'Aféiere vun obligatoresche Sproochecoursen a vu Civiquescoursen. Fir den Ament hätt d'Regierung der Caritas net déi néideg Detailer iwwert de PIA matgedeelt, esou den Yves Schmidt.

Wann een obligatoresch Sproochecourse aféiert, da misst een och präziséieren, wéi eng Sanktiounen et ginn, wann d'Leit déi Oploen net erfëllen. Dem Yves Schmidt no wieren d'Asyldemandeure ganz motivéiert, fir d'Sproochen ze léieren. Mä et misst ee virun allem d'Qualitéit vun deene Coursë garantéieren, soss géifen d'Leit d'Ausbildung ofbriechen.

Interview mam Yves Schmit (Caritas Lëtzebuerg)play_arrow