Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Inneminstère: D'Pecherte sollen zousätzlech Kompetenze kréien

Gemengereglementer

Inneminstère: D'Pecherte sollen zousätzlech Kompetenze kréien

D'Agents municipaux, d'"Pecherte" wéi se am Volleksmond genannt ginn, sollen zousätzlech Kompetenze kréien. Dat kënnegt d'Inneministesch Taina Bofferding am 100,7-Interview un. D'Gesetzesännerung an deem Sënn wier och schonn an der Maach. D'Taina Bofferding mengt, datt sech den Asaz vu private Sécherheetsagenten an de Gemengen domat eriwweregen dierft.

auto_stories

2 min

D'Inneministerin Taina Bofferding

Zil wier, fir en neit ugepasst Beruffsbild fir Agents municipauxen ze schafen, ouni awer eng zweet Police wëllen ze schafen, sou d'Taina Bofferding. "Si musse sech scho vun der Police ofgrenzen, an trotzdeem solle se awer zesummeschaffen", sou d'Inneministerin.

Dat gesäit de Marco Thomé awer aneschters. De President vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC seet, d'Agents municipaux hätten nëmmen e begrenzte Rôle an der Assurance vun der ëffentlecher Sécherheet.

Den Agenten hir Aufgab wier et, fir d'Gemengereglementer ze kontrolléieren an net fir Aufgaben am Beräich vun der ëffentlecher Sécherheet ze iwwerhuelen. Et sollt een déi verschidde Saachen net matenee vermëschen, sou de Marco Thomé. Eng Kompetenzerweiderung kéint dofir och nëmmen am Hibléck op d'Kontroll vu Gemengereglementer geschéien. Datt d'Agent municipauxe spezifesch beim Problem ronderëm der ëffentlecher Sécherheet an der Staat Lëtzebuerg kéinte bäidroen, wier an den Aen vum FGFC President "Augenwischerei".

D'Ministerin wëllt den Escher PAG am Zweiwel net approuvéieren

Wat den Escher PAG ubelaangt war d'Ministesch formell. Wann effektiv eng prezis Reegelung vun de Colocatiounen dora virgesi wier, géif si op d'mannst deen Deel vum Plang net approuvéieren. "De PAG ass net do fir esou Wunnformen ze definéieren", sou d'Taina Bofferding. Si hätt bis elo nach keen Text kritt a géif d'Detailer dofir och just aus der Press kennen, sou d'Ministesch, mee wann dono "Illegalitéiten" géifen drastoen, da kéint de PAG net bestoe bleiwen.

"Ganz kloer ass, datt Wunnformen net sollen an engem PAG definéiert ginn. Am Sënn vum PAG gëtt definéiert, ob dat elo en Ee-Familljenhaus ass, datt dat eben deen Typ ass, mee am PAG gëtt net definéiert, ob do schlussendlech dann och eng Famill dra wunnt, oder ob eng Koppel dra wunnt, oder ob do elo Kolleegen dra wunnen."

Viru knapp dräi Wochen huet den Escher Gemengerot de PAG am zweete Vott ugeholl. Dee Flächennotzungsplang ass ëmstridde wéinst de Reegelen, déi doranner fir Co-Locatiounen, also Wunngemeinschaften, opgestallt ginn. Fir datt en a Kraaft triede kann, muss en nach vun der Inneministesch approuvéiert ginn.