Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  C'est Karma - Coffee

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ee Schlëssel fir méi Kohäsioun"

Logement an Inegalitéiten

"Ee Schlëssel fir méi Kohäsioun"

Den Direkter vum Statec, de Serge Allegrezza, begréisst, datt déi sozio-ekonomesch Situatioun vun de Gemengen elo méi an de Fokus vu Fuerschung a Politik geréit. Déi lokal Inegalitéiten hunn am Alldag een negativen Impakt op d'Chancëgläichheet, mengt de Gilles Hempel, Direkter vun der Agence Immobilière Sociale.

auto_stories

5 min

De Serge Allegrezza begréisst, datt déi sozio-ekonomesch Situatioun vun de Gemengen zënter der Reform vun de Gemengefinanzen 2016 och eng Roll beim Verdeele vu Sue spillt. De Statec huet dofir am Optrag vum Inneministère een Index entwéckelt. Dëse wier awer just een éischte Schrëtt, "wann ee wëllt a Richtung Egalitéit vun den Territoirë goen". Gekuckt ginn elo:

  • Undeel vu Leit, déi e garantéiert Mindestakommes (RMG) kréien
  • Chomage-Taux
  • Salaire médian
  • Undeel vu wéineg qualifizéierte Leit
  • Undeel vu monoparentalle Menagen

Fir eng méi detailléiert Analys vun de Gemengen ze maachen, bräicht ee vill méi Donnéeën, esou de Serge Allegrezza. Nämlech de ganze Revenu vum Menage, de Patrimoine, d'Infrastrukturen an de Gemengen, den Accès zu ëffentleche Servicer, d'Offer vun ëffentlechem Transport an dat soziaalt Kapital (lokal Netzwierker tëscht de Leit, zum Beispill am Veräinsliewen). De Statec géif awer an d'Richtung schaffen fir elo vill méi spezifesch territorial Donnéeën ze sammelen. De sozio-ekonomeschen Index fir d'Gemenge géif an den nächste Joren also méi sophistiquéiert ginn.

Datt méi op dës lokal Dynamiken opgepasst gëtt, ass dem Serge Allegrezza no "ee Schlëssel fir méi Kohäsioun an dësem Land".

Chancëgläichheet?

D'Lëtzebuerger Institut fir sozio-ekonomesch Recherche (LISER) schwätzt an enger Etude iwwer déi territorial Kohäsioun vun engem Däiwelskrees: Leit, déi sech d'Logementspräisser an de méi attraktive Gemenge kënne leeschten, hätten ee besseren Accès zu villen Zerwisser.

Déi Dynamik kéint een am Alldag "ganz kloer" observéieren, esou de Gilles Hempel. D'Cliente vun der AIS, déi an enger méi räicher Gemeng ënnerkommen, hätte besser Chancë fir hir Situatioun nees ze stabiliséieren. D'Gesetz vun 2009 iwwer d'Aide sociale géif d'Inegalitéiten nach verstäerken, well all Gemeng pro Awunner d'selwecht vill Personal fir d'Offices sociauxen ze gutt huet. Et géif awer net gekuckt ginn, wéi grouss de Besoin fir dës Déngschtleeschtungen an der Populatioun effektiv ass. D'Leit an de sozial méi schwaache Gemenge kéinte manner gutt betreit ginn, well d'Sozialaarbechter hei iwwerlaascht wieren.

Zur Analys vun de Gemenge géifen och Donnéeën iwwer de Bildungssystem gehéieren, esou de Serge Allegrezza op Nofro hin. Zu Lëtzebuerg wier déi sozio-ekonomesch Situatioun vun den Elteren ee ganz staarken Indicateur fir déi schoulesch Reussite vun de Kanner.

An d'Situatioun vun de Gemengen "grefféiert sech nach do drop". Duerch déi lokal Schoul- a Betreiungsoffer géifen Inegalitéiten zousätzlech verstäerkt oder reduzéiert ginn. De Bildungsbericht 2015 hat gewisen, datt Kanner aus méi räiche Gemenge vill méi staark an de Lycée Classique orientéiert ginn.

Territorial Segregatioun

"Déi Räich wunnen do, wou si wëllen. An déi Aarm wunnen do, wou si mussen." Esou resuméiert de Gilles Hempel déi aktuell Situatioun um Lëtzebuerger Wunnengsmaart. D'LISER-Etude iwwer déi territorial Kohäsioun hat gewisen, datt et ee geographesche Segregatiouns-Prozess am Land gëtt, wou de Revenu an d'Nationalitéit eng Roll spillen.

D'Agence Immobilière Sociale ass iwwerall am Land präsent, och an deene méi räiche Gemengen a Quartieren. A verschiddene méi schicke Géigende wier d'AIS awer net sou wëllkomm, esou de Gilles Hempel. An engem Fall hätten d'Noperen een Haus opkaf, fir ze verhënneren, datt et via d'AIS u sozial schwaach Locatairë verlount gëtt.

Och a verschiddene Gemenge wier d'AIS manner wëllkomm. De Gilles Hempel huet d'Beispill vu Munneref opgegraff. D'Ost-Gemeng gouf am Lëtzebuerger Land als negatiivt Beispill genannt, wat de Bau vu Sozialwunnengen ugeet. Dat an engem Artikel vum fréiere President vum Fonds du Logement.

Abordabele Wunnraum am Wahlkampf

Méi abordabele Wunnraum ass néideg, sou de Konsens iwwer Parteigrenzen ewech an dësem Gemengewahlkampf. Mä wann et ëm d'Interventioun vun der ëffentlecher Hand geet, waren d'Kandidaten an enger Table ronde op Nofro hi méi retizent. D'Propos vum Gilles Hempel, fir d'Loyeren ze deckelen an Zwangsverpachtungen anzeféieren, stéisst deemno bei de meeschte Parteien op Skepsis.

"Bal 80 Prozent vun de Leit si Proprietairen, dat heescht déi meeschte Leit déi wielen, si Proprietairen. An do huet een natierlech Angscht, déi ze vergraulen", sou d'Reaktioun vum Gilles Hempel. D'Situatioun wier deemno nach net dramatesch genuch - mä dat kéint sech séier änneren.

De Statec-Direkter gesäit dat anescht: Soulaang d'Wirtschaft an d'Populatioun wuessen, géifen déi meescht Leit vun der Hausse vun de Logementspräisser profitéieren. Mä fir eng präzis Analys géifen d'Donnéeë feelen, esou de Serge Allegrezza. Wat och géing hëllefen, wier eng Steier um Patrimoine immobilier.

Patrimonial Ongläichheeten

D'Ongläichheeten um Niveau vum Besëtz vun de Stéit (Immobilien, Aktien, asw.) wiere bis ewell zu Lëtzebuerg ganz wéineg beliicht ginn, esou de Serge Allegrezza. Kloer wier, datt déi patrimonial Inegalitéiten "nach méi krass" wieren, wéi a villen anere Länner.

D'Luxembourg Wealth Study huet gewisen, datt 80 Prozent vun den Immobilien, déi net den Haaptwunnsëtz vum Besëtzer sinn, an den Hänn vun zéng Prozent vun de Leit sinn.

Wuesstem a Logement

Gëtt de Wuesstem zu Lëtzebuerg eventuell eng Kéier gebremst, well net méi genuch nei Logementer entstinn? Do kéint et een Zesummenhank ginn, äntwert de Serge Allegrezza. Aktuell hätt de Statec awer nach net déi néideg Moyene fir dozou Prognosen ze maachen.

Datt d'Hausse vun de Logementspräisser keng Fatalitéit ass, weist de Verglach mam Saarland: Hei wunne méi Leit op engem méi klengen Territoire, ouni datt d'Wunnengen extrem deier sinn. Effektiv, seet dozou de Gilles Hempel: "Et ass genuch Plaz zu Lëtzebuerg. Dorunner läit et net. Mä et läit dorunner, datt d'Leit, déi Terrainen hunn, op deenen Terraine sëtze bleiwen."

Leit, déi an Immobilie wéilten investéieren, géife vun de Banken elo zum Deel gerode kréien, fir d'Wunnengen eidel stoen ze loossen an no zéng Joer mat enger Plus-value ze verkafen, esou de Gilles Hempel.