Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Industrie-Ierwen - net derwäert?

Fräie Mikro

Industrie-Ierwen - net derwäert?

D'Simone Beck, Presidentin vun der UNESCO-Kommissioun a fréier Geschichtsenseignante, freet sech, firwat zu Lëtzebuerg dat industriellt Ierwen esou geréng geschat gëtt.

auto_stories

3 min

Et si schonn impressionnant Zeie vun enger fréierer Zäit: industriell Anlage wéi Héichiewen, Walzwierker oder Drotstroossen. Awer trotz hirer Gréisst, trotz der Tatsaach, datt se aus Eisen oder Beton armé sinn, si se schrecklech fragil. Esoubal déi Aktivitéit ophält, fir déi se gebaut goufen, si se näischt méi wäert a gi verfale gelooss.

Et géif kengem afalen, Kierchen oder Schlesser ofzerappen, déi net méi gebraucht ginn oder net méi bewunnt sinn: am Géigendeel, si ginn dacks opwändeg restauréiert. Wann dës Gebaier bis opgeriicht waren, hu se gréisstendeels keng weider Wäerter geschaf.

Wéi anescht ass et bei den Industriesitten. Si weisen, wat méiglech ass, wa Wëssen, Wäitsiicht, Courage a Kapital zesummekommen. Wa mer d'wirtschaftlech Entwécklung vun eisem Land kucken, kann een nëmme voller Bewonnerung sinn, wéi duerch d'Minnen an d'Schmelzen eist Land sech an e puer Joerzéngten op Weltniveau eropgeschafft huet. Déi Anlagen, déi dozou geféiert hunn, déi vill Mënschen, déi iwwer d'Joerzéngten doranner geschafft hunn, hunn de Süde vun eisem Land visuell a sozial gepräägt, awer d'Wirtschaft vum ganze Land op eng Weltkaart gesat. Dofir ass et net ze verstoen, firwat den Zeie vun esou enger wichteger Zäit net méi Respekt entgéint bruecht gëtt. Awer firwat sollte mer se haut och respektéieren? Mir wësse jo kaum eppes dovun.

"Wer baute das siebentorige Theben?" (Bertolt Brecht)

Well an eiser traditioneller Geschichtsvermëttlung meeschtens nure vu Schlasshären erzielt gëtt an net vun deenen, déi hir Schlesser gebaut hunn, well mer d'Nimm vu Genereel kennen - awer déi Milliounen, déi an de Schluechten ëmkomm sinn, nëmmen eng Zuel sinn - so kréie mer och net vermëttelt, wéi d'Aarbechter an enger Minn oder enger Schmelz geschafft hunn. Wie weess da schonn, datt bis an den 30er Joren d'Mineuren op d'Gewiicht vun den Äerzer bezuelt goufen, déi si aus dem Buedem geholl hunn, an datt si selwer fir d'Stabilitéit vun der Minn hu missen opkommen? Wéi hunn hir Fraen a Kanner mat dem geféierleche Beruff vun hirem Mann a Papp gelieft? Et geet wierklech net duer, Héichiewe schéin ze lackéieren. Domat erhale mer vläicht eng metalle Konstruktioun, awer wat wësse mer iwwer hiren urspréngleche Sënn an Zweck? Wat erziele se vun der Hëtzt, dem Kaméidi an de Geforen an enger Schmelz?

Ëmbauen amplaz ofbauen

D'Geschicht vun der industrieller Entwécklung vun engem Land - zemol engem Land, dat hir esou vill verdankt - an déi Infrastrukturen, déi dës Geschicht erkläre kënnen, däerfen net entsuergt ginn. Et geet awer net drëm, aus puerer Nostalgie raschteg Iwwerreschter ze erhalen: wierklech net. Beandrockend Projeten aus dem Ausland beweisen, wéi ee Gebaier vun enger fréierer Industrieanlag neit Liewe gëtt, an deem ee Wunnengsbau, Büroen, Butteker a Caféen doranner integréiert. Dobäi bleiwen d'industriell Gebaier an hirer Grondstruktur erhalen a kënne weidererzielen, wéi se fréier funktionéiert hunn. Och als Hommage un déi Leit, déi dra geschafft hunn.

Iwwregens stinn eleng an Europa 37 Sitten, déi direkt mat Minnen an Industrie ze dinn hunn, op der Lëscht vum UNESCO-Weltkulturierwen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.