Radioen

On air

Notturno  |  Mina - Eclisse Twist

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfung géint d'Afepouke vun haut u méiglech

Dr. Jean-Claude Schmit

Impfung géint d'Afepouke vun haut u méiglech

Aktuell ginn et zu Lëtzebuerg 45 Fäll vun Afepouken. Déi Zuel deelt de Santésdirekter Jean-Claude Schmit op Nofro hi mat. Hei am Land kënne Risikogruppe sech vun haut u géint d'Afepouken impfe loossen, Lëtzebuerg krut dofir 1.400 Dosisse geliwwert. Den Dr. Jean-Claude Schmit erkläert, wou ee sech kann impfe loossen a wat d'Recommandatioune vun der Santé sinn.

auto_stories

2 min

Den Dr. Jean-Claude Schmit. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Zu Lëtzebuerg hätt et bis elo just liicht Verleef bei Afepouke ginn, et hätt nach keng Hospitalisatioune ginn. Et kann awer zu Komplikatioune kommen.

Weltwäit si bis elo iwwer 31.000 Fäll vun Afepouke bekannt, 12 Mënsche sinn un de Suite vun der Krankheet gestuerwen.

Impfunge fir Risikogruppen

Leit, déi engem méi héijen Infektiounsrisiko ausgesat sinn, kënne sech vun haut un hei am Land géint d'Afepouken impfe loossen.

Zu de Risikogruppen, fir déi d'Impfung géint d'Afepouken empfuelen ass, gehéiere virun allem Männer déi Sex mat Männer hunn an hire Partner heefeg wiesselen.

De Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses hat a sengem Avis Ufank August d'Impfung doriwwer eraus och fir Transmënsche mat wiesselende Sexualpartner a fir Sexaarbechter recommandéiert.

Impfunge just am Service national des maladies infectieuses

Lëtzebuerg krut de leschte Freideg 1.400 Dosisse geliwwert, iwwer déi europäesch Agence fir Krise-Präventioun a Reaktioun bei gesondheetlechen Noutlagen, HERA.

1.400 Dosisse sinn der net schrecklech vill, dofir géif just op enger eenzeger Plaz geimpft ginn, betount de Santésdirekter Jean-Claude Schmit:

"Dat ass de Service national des maladies infectieuses, deen am CHL funktionéiert. Do gëtt et eng Telefonsnummer, dat ass déi Eenzeg wou ee sech kann umellen, dat ass de 44 11 31 29, also w.e.g. net op aner Telefonsnummeren am CHL uruffen."

Zwou Dosisse recommandéiert

No der éischter Impfdosis dauert et zéng bis 14 Deeg, bis ee géint d'Krankheet geschützt ass, erkläert den Dr. Jean-Claude Schmit.

Fir en dauerhafte Schutz ze hunn, sollt een och eng zweet Impfung maachen an dat op d'mannst 28 Deeg no der éischter Impfung, esou de Santésdirekter.

Fir Leit mat engem schwaachen Immunsystem recommandéiert d'Santé eng drëtt Impfdosis. Fir Mannerjäreger ass den Impfstoff net autoriséiert.