Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfflicht: Oneenegkeet an der Ampelregierung

Däitschland

Impfflicht: Oneenegkeet an der Ampelregierung

An Däitschland kënnt d'Regierung haut mat de Bundeslänner zesummen fir nei Corona-Mesuren ze decidéieren. Et soll eng Verschäerfung fir Café- a Restaurantsvisitte ginn, mee och eng Verkierzung vun den Isolatiouns- an Quarantänsfristen. D'Theema allgemeng Impfflicht wäert och wuel diskutéiert ginn. Grad hei muss d'Ampelregierung awer nach beweisen, datt si um selwechte Strang zitt, mengt eisen Berliner Korrespondent Max Tholl.

auto_stories

3 min

De Christian Lindner, de Marco Buschmann an de Karl Lauterbach. Foto: picture alliance/dpa/POOL AP | Michael Sohn

Iwwer d'Feierdeeg hate vill Gesondheetsämter an Däitschland zou, wisou een nach skeptesch ass, wéi exakt déi aktuell Infektiounszuele sinn. Mee eent ass sécher: se ginn erop an dat och wéinst der Omikron-Variant, déi scho ganz geschwënn an Däitschland dominéiere wäert.

Dofir kënnt d'Regierung haut mat de Bundeslänner zesummen, fir iwwer nei Corona-Mesuren ze diskutéieren. Enger Beschlossvirlag no sti 15 Punkte fir haut um Programm. Dorënner eng nei landeswäit Reegelung fir d'Gastronomie.

Wien nach net geboostert ass, soll hei deemnächst niewent engem Impfnoweis och en dagesaktuellen negativen Test presentéieren.

Verkierzt Friste wéinst Omikron

Besonnesch besuergt bléckt een op déi kritesch Infrastruktur an d'Konsequenzen, déi Omikron op dës kéint hunn. Fir ze verhënneren, datt et wéinst Isolatioun a Quarantän zu Personalenkpäss bei beispillsweis der Police oder an de Klinicke kënnt, sollen d'Fristen hei verkierzt ginn, sou de Gesondheetsminister Karl Lauterbach virgëschter am "ZDF heute journal":

"Wir gehen in die Richtung, dass man eine sehr sichere Lösung hat, gleichzeitig aber auch die Bereiche der kritischen Infrastruktur lebensfähig hält. Das wird erreicht, indem man eben die Quarantänedauer und Isolationsdauer verkürzt, aber immer sicherstellt, dass durch einen PCR-Test gewährleistet ist, dass niemand mehr ansteckend ist."

Wie bis elo mat engem Omikron-Infizéierten a Kontakt koum, huet 14 Deeg missen a Quarantän, elo sollen geboostert Persoune landeswäit komplett op dës verzichte kënnen, all aner dierfen sech no siwen Deeg "fräiteste" loossen.

Klärungsbedarf ënner de Regierungsparteien

De sächseschen Ministerpresident Michael Kretschmer kann dat ugesiichts vun der aktueller Situatioun net novollzéien an och den grénge Gesondheetsexpert Janosch Dahmen huet sech am "ARD Moma" skeptesch gewisen:

"Aber die Krankenschwester, die sich jetzt um den Herzinfarkt oder Schlaganfall kümmert, jetzt aus den Quarantäneregeln auszunehmen, die dann möglicherweise weitere Patienten ansteckt, das öffnet für Omikron zu viele Türen."

Et gëtt deemno nach Gespréichsbedarf innerhalb vun der Ampelregierung, déi sech elo beméie muss eng koherent Politik ze vermëttelen. Gläichzäiteg Lackerungen a Restriktiounen ze decidéieren ass eng Saach, regierungsintern Debatten doriwwer awer nach eng aner.

Impfflicht: FPD an SPD net op enger Linn

Besonnesch beim Theema allgemeng Impfflicht, déi haut wuel och diskutéiert gëtt, läit een nach wäit auserneen. De Karl Lauterbach huet dës quasi als alternativlos deklaréiert, mee beim Regierungspartner FDP ass ee kritesch.

De Justizminister Marco Buschmann seet an der aktueller "Zeit", et wier eng absolut legitim Positioun d'Impfflicht ze refuséieren. Omikron wier eng nei Phas vun der Pandemie an wann eng Impfflicht just iwwer e puer Méint géif hëllefen, da géif net vill dofir schwätzen.

Aus senger Partei hu sech schonn 28 Parlamentarier géint eng Impfflicht ausgeschwat. Grad bei esou engem gesellschaftlech kontroversen Theema, wäerten awer d'Differenzen tëschent de Regierungsparteien nach eemol méi Gewiicht kréien an den Androck vermëttelen, datt ee selwer net sou genee weess, wei d'Pandemie an de Grëff ze kréien ass. Dobäi ka sech d'Regierung eppes de Moment net erlaben: nach méi Onkloerheet.