Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Great Mountain Fire - Look Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Impfcampagne: Kapazitéite méi héich wéi d'Liwwerungen

Pandemie

Impfcampagne: Kapazitéite méi héich wéi d'Liwwerungen

Et wier eenzeg an eleng d'Disponibilitéit vum Vaccin, déi de Rhythmus vun de Covid-Vaccinatioune géif bestëmmen, esou d'Responsabel fir d'Organisatioun vun der Impfcampagne. Vun der Infrastruktur hier wier schonn alles preparéiert fir 95.000 Impfungen d'Woch kënnen ze maachen.

auto_stories

2 min

headphones

18 min

An de leschten Deeg sinn all Dag eng 7.000 Dosisse Covid-Vaccin an de fënnef regionalen Impfzenteren uechter d'Land gesprëtzt ginn. Wann et der net méi waren, dann hätt dat weder un den Infrastrukturen, déi en place sinn, nach un der Logistik geleeën, seet de Guy Bley vum Haut-Commissariat à la Protection nationale, ee vun den zwee Responsabele fir d'Organisatioun vun der Impfcampagne.

De Rhythmus vun de Vaccinatioune géif eenzeg an eleng vun der Disponibilitéit vum Impfstoff ofhänken:

"Bis elo war d'Limite ëmmer d'Livraisoun vum Vaccin. D'Capacitéiten, déi opgeriicht gi sinn, ware generell méi héich wéi dat wat vu Vaccin do war. Sou datt mer wierklech ëmmer drop waarden, datt de Vaccin ukënnt, fir datt mer kënnen eis Capacitéiten op de Maximum eropfueren."

Haut sinn an de 5 regionalen Zenteren uechter d'Land 64 sougenannt Impf-Linnen operationell, an der Luxexpo kéinten der kuerzfristeg nach eemol 48 bäigeholl ginn. Domat kéint d'Capacitéit vun haut knapp iwwer 7.000 Dosissen den Dag op ee Coup quasi verduebelt ginn.

Impfzenteren: Op d'mannst zwou Zorte Vaccin disponibel

Den Zoufall decidéiert, wéi een Impfstoff, datt ee gesprëtzt kritt. An do géif et wéineg Kontestatioun ginn, seet de Sébastien Français, Dokter aus dem Gesondheetsministère dee fir de medezinesche Volet vun der Impfcampagne zoustänneg ass. Et kënnt och ganz seele vir, datt een erëm geet ouni geimpft ginn ze sinn, well en dee proposéierte Vaccin net wollt:

"Les plus grandes discussions que nous avons eues, c'était bien entendu avec l'AstraZeneca. Mais ça représentait un volume extrêmement faible. En moyenne de l'ordre de 1 à 2 % des personnes qui viennent dans les centres."

An all Impfzenter wieren ëmmer op d'mannst zwou Zorte vu Vaccin disponibel - vun deene véier Impfstoffer, déi hei am Land agesat ginn, huet den Dr. Sébastien Français erkläert:

"Il peut y avoir des situations où l'on va prescrire l'un plutôt que l'autre, en particulier dans le cadre des allergies, puisque c'est vraiment la situation très spécifique. C'est aussi pour cette raison qu'on a toujours au moins deux vaccins, s'il y a quelqu'un qui est allergique au premier vaccin, qu'on puisse éventuellement lui donner le second."