Verbraucherschutz Ilnas-Kontroll: Grouss Majoritéit vu geteste Produiten net konform

Bei enger rezenter Kontroll-Campagne vum ILNAS, dem Institut dat d'Sécherheet an d'Qualitéit vun de Produiten iwwerwaacht déi um Lëtzebuerger Marché verkaf ginn, ware ronn 90 Prozent vun de Produiten net konform. Dobäi huet sech d'Campagne speziell op Produite konzentréiert, déi online verkaf gi sinn.

Jo Diseviscourt / cz

Illustratioun Konsumenteschutz ilnas artikel
Foto: Bigstock / sharafmaksumov

Lauschteren


Iwwert dat ganzt Joer goufe Produiten aus verschiddenste Kategorië kontrolléiert. Kaaft goufen déi op Plattforme wéi AliExpress oder Wish, mee och Amazon war dobäi. Vun den am ganze 27 geteste Produite waren nëmmen zwee an alle Beräicher konform. Bei 16 Stéck goufen et administrativ Non-Konformitéiten, spréch bei der Beschreiwung oder Etikettéierung. Ee Produit ass wéinst technesche Mängel duerchgefall. Siwe Produite waren a béide Beräicher net konform.

Wann eng Net-Confirmitéit bei engem Produit fonnt gëtt, da wier de Responsabele vum Produkt kontaktéiert ginn an hätt d'Méiglechkeet déi Net-Confirmitéit ze verbesseren, erklärt den Alexis Weber, Chef vun der Martkiwwerwaachung beim ILNAS.

"Zweetens hu mir och d'Plattform informéiert, fir dass d'Produkt rausgezu gëtt. An drëttens hu mir och een temporäert Verkafsverbuet ausgeschriwwen, fir wann d'Produkt awer a Konformitéit gesat géif ginn, da kéint et dono rëm weider verkaf ginn."

Wichteg fir de Kosument ze schützen

Wann den Hiersteller vum Produit näischt ännert, da gëtt een definitiivt Verkaafsverbued ausgesprach. Doropshi ginn och déi aner EU-Memberlänner doriwwer informéiert. Aktuell gi mat Bléck op Kleeserchersdag an de Feierdeeg och verstäerkt Kontrolle bei Spillsaache gemaach. Do gëtt ënner anerem drop gekuckt, ob sech keng kleng Stécker kéinten ofléisen, déi vum Kand verschléckt kéinte ginn. All dës Kontrolle wiere wichteg, fir de Schutz vum Konsument kënne sécher ze stellen, betount de Wirtschaftsminister Franz Fayot.

"Betriber, déi Produite verkafen, déi all d'Norme respektéieren, ginn op déi Manéier geschützt par rapport zu schwaarze Schof, déi dat net maachen, an déi Produite verkafen, déi net konform sinn zu den Normen."

Méi zum Thema

Luc Tapella
Wirtschaft

"Eis Aufgab ass, fir zu Lëtzebuerg ze kucken, datt et e Marché gëtt, wou Konkurrenz ass", seet de Luc Tapella, Direkter vum ILR. Den Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) feiert 20 Joer.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Redakter/Redactrice Web

    radio 100,7

    Den Média de service public 100,7, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Redakter/Redactrice fir d'Onlineredaktioun mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen