Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Sylvain Luc - Giant Steps/Goodbye Marylou

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Huet de Virus vum Trumpismus mutéiert?

Fräie Mikro

Huet de Virus vum Trumpismus mutéiert?

Muer ass de Regimm vum Donald Trump Geschicht. Déi Geeschter, déi hie geruff huet, gi mer awer net méi lass, fäert am Fräie Mikro d'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun a fréier Geschichtsenseignante.

auto_stories

3 min

D'Simone Beck ass Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun a fréier Geschichtsenseignante. Foto: Archiv

Eng gewaltbereet Oppositioun

De franséische Politolog Bertrand Badie ass der Meenung, datt de Virus vum Trumpismus mutéiert hätt, an zwar vun enger strukturéierter politescher Partei zu enger onkontrolléierbarer, gewaltbereeter Massebeweegung. Eng siichtbar Erscheinungsform dovu wier de Stuerm op de Kapitol vum 6. Januar.

De Mobb, dee mer bewaffent, domm verkleet an ouni Masken - den FBI seet merci! - am Kapitol gesinn hunn, huet näischt mat enger geuerdenter Partei ze dinn, mee ass eng gesellschaftlech Kraaft, déi richteg geféierlech ka ginn, wa se sech organiséiert.

Bal 75 Millioune Leit hunn am November fir den Trump gestëmmt, vun deenen eng grouss Majoritéit der Iwwerzeegung ass, d'Resultater vun de Wale wieren truquéiert.

Elo, wou de Président sortant sech guer net méi muss un Institutiounen oder politesch Konventiounen halen, stellt eng arméiert, populistesch opgehetzt Oppositioun en reell Gefor duer.

Innepolitesche Populismus

Wärend de véier Joer vu sengem Mandat huet den Donald Trump dee Reservoir do innepolitesch zerwéiert: oppen Demagogie, Fraen- an Auslännerfeindlechkeet, primäre Rassismus, de Mépris vun all Wouerecht an e Machokult hunn déi Proud Boys produzéiert, déi de 6. Januar ee vun den Haaptgebaier vun der amerikanescher Demokratie stiermen.

Dem Donald Trump seng populistesch Rhetorik a säin Abus vun Twitter hunn ageschloen, och well se mat der Ofwäertung vun der seriöer Press zesummegoungen. Fir vill Amerikaner bréngen déi grouss Zeitunge vun der Ostküst wéi d'Washington Post oder d'New York Times nure fake news, an dem President seng Statements sinn eben alternativ Tatsaachen.

E puer Wochen no sengem Untrëtt als President huet hien op Twitter déi grouss amerikanesch Televisiounschaînen als Enemies of the American people bezeechent. Wéi e Journalist vu CBS hie gefrot huet, firwat hien eng bestëmmte Press stänneg géif attackéieren, krut en als Äntwert: "Ech diskreditéieren iech nach an nach, fir datt keen iech méi gleeft, wann der eppes Negatives iwwer mech schreift." Wéi vill Amerikaner géifen haut nach liewen, wa se der seriöer Press hiren Informatiounen iwwer de Covid-19 gegleeft hätten?

"I'm a nationalist, okay?"

Och aussepolitesch huet den Trumpismus den USA geschuet. Den Trump, dee sech selwer als Nationalist bezeechent, huet - oniwwerluecht - laangjäreg Alliéiert vun den USA virun de Kapp gestouss, gedréit, Maueren ze bauen, mat Diktatoren ugebändelt a Sanktioune verhaangen, déi näischt bruecht hunn.

Déi gréissten Erausfuerderung, déi sech onser Welt stellt, de Klimawandel, huet e lächerlech gemaach an ignoréiert. Et ass dofir e grousst a staarkt Zeechen, datt den Joe Biden als eng vu sengen éischte Mesuren erëm dem Paräisser Klimaofkommes wëllt bäitrieden.

Awer dat ass nuren e klinzege Baustee vun engem risege Chantier, deen den Team Biden-Harris muss ugoen. Et ass am Interêt vun eis alleguer, datt d'USA de Wee zu engem konstruktive Multilateralismus erëmfannen an Amerika wierklech erëm great gëtt.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.