Radioen

On air

Tockcity  |  James - Is This Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hu Paritéitsgesetzer iwwerhaapt nach eng Chance?

Auslandschronik - Däitschland

Hu Paritéitsgesetzer iwwerhaapt nach eng Chance?

Wallëschte mat 50 Prozent Männer a 50 Prozent Fraen: Paritéitsgesetzer sinn eng Méiglechkeet, fir d'Gläichberechtegung tëschent Mann a Fra an der Politik virunzedreiwen. D'Verfassungsgeriicht vu Potsdam huet elo dat alleréischt däitscht Paritéitsgesetz gekippt. Ass d'Zil vun der Gläichstellung a Gefor?

auto_stories

2 min

Bis zulescht haten d'Ënnerstëtzerinnen an Ënnerstëtzer vum brandenburgesche Paritéitsgesetz op en anert Urteel gehofft. Virum Geriichtsgebai zu Potsdam stounge si, de Gros vun hinne mat wäisse Kleedungsstécker, als Referenz un d'Beweegung vun de Suffragetten aus dem fréien 20. Joerhonnert.

Et sollt näischt hëllefen. Nodeems d'Parteien AfD, NPD a Piraten, genee wéi d'Jugendorganisatioun vun de Liberalen, sech géint d'Paritéitsgesetz beschwéiert haten, huet d'Verfassungsgeriicht vu Potsdam d'Gesetz elo gekippt. Dat heescht: D'Parteie musse bei der nächster Landtagswal net geneesou vill Frae wéi Männer op hire Lëschten opstellen.

D'Argumentatioun vum Geriicht: D'Constitutioun vum Land Brandenburg géif zwar encouragéieren, datt Fraen a Männer och an der Politik gläichgestallt sollte sinn - doraus géif sech allerdéngs net ofleede loossen, datt d'Lëschte misste quotéiert sinn.

Richtungsweisend Urteel

D'Potsdamer Geriicht geet dovun aus, datt d'Bedéngungen fir Gläichberechtegung an der Politik gi sinn. Wann ee sech awer d'Zuelen aus de leschte Joren ukuckt, dann ass dat - an Däitschland - net de Fall: Souwuel am däitsche Bundestag wéi och an enger Rei Landesparlamenter ass de prozentualen Undeel u weiblechen Deputéierte gefall. Et kann een, fir d'Beispill Däitschland soen: Ouni eng Quot huet den Undeel u Fraen an de Parlamenter net zougeholl.

Am Summer hat d'Verfassungsgeriicht an Thüringen en änlecht Gesetz gekippt. Datt et elo en zweet Urteel op Lännerniveau gëtt, dierft all déi decouragéieren, déi nach un esou Gesetzer schaffen. Och am Bundestag gëtt nämlech ëmmer nees iwwer dat Theema debattéiert.

Kloer ass: E Paritéitsgesetz wäert an Däitschland net duerchgoen, weder op Landes- nach op Bundesniveau - ausser d'Verfassung gëtt geännert. Op e Parlament sech dozou hiräisse léisst, ass en vue vun der Zuel u Parteien, déi sech géint dës Gesetzer gewiert hunn, éischter onwarscheinlech.