Radioen

On air

Webinar  |  Lycée? Spéidere Beruff? Talentsich?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Honnerte Lobbyistefir d'fossil Energie op der Welt-Klimakonferenz

COP26

Honnerte Lobbyistefir d'fossil Energie op der Welt-Klimakonferenz

D'Ëmwelt-Organisatioun Global Witness seet, datt honnerte Lobbyiste fir de Secteur vun der fossiller Energie op der Welt-Klimakonferenz sinn, an do e Secteur representéieren deen eigentlech net wëllkomm ass. Fossil Brennstoffer solle jo ersat gi mat gréngen Energie-Alternativen.

auto_stories

1 min

Global Witness seet datt iwwer 500 Membere vun der Fossil-Lobby zu Glasgow sinn. Si representéieren och déi gréisst ëmweltschiedlech Konzerner wéi Gazprom, Shell, a BP, seet d'Ëmwelt-Organisatioun. Zesumme wiere si eng méi grouss Delegatioun wéi déi vun all Land op der Welt-Klimakonferenz.

"Si sinn ënner eis, si gesinn aus wéi mir, mee si si fir e ganz anere Grond hei. Erauszefannen, datt 503 Leit hei si mam klore But fir d'Produktioun vu fossiller Energie ze erhéijen ass haart ze verstoen."

esou de Louis Wilson vu Global Witness. Hee géif d'Organisateure vun der COP opfuerderen et "op d'mannst eng Kéier ouni dës Lobbyisten ze probéieren". E puer Delegatiounen, dorënner Kanada, hätten hir eege Lobbyiste fir fossil Energie matbruecht:

"Si schwätze vill iwwer d'Klima mee si hunn dës Leit an den Zentrum vun des Negociatioune bruecht. Eng vun den Handels-Associatiounen huet elo gesot, datt d'Lobbyiste fir eng Rei Grënn hei sinn, an datt fossil Energie just ee vu villen ass."