Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Homes for Luxembourg" op der Architektur-Biennale

Venedeg

"Homes for Luxembourg" op der Architektur-Biennale

"How will we live together?", "wéi wäerte mer zesumme liewen?" - dat ass den Titel vun der 17. Architektur-Biennale, déi leschte Weekend zu Venedeg opgaangen ass. De Studio SNCDA vun der Architektin Sara Noel Costa De Araujo, déi vum Luxembourg Centre for Architecure als Curatrice delegéiert gouf, beäntwert déi Fro mat mobillen Holz-Modullen. An trëfft domat den Nerv op der Biennale.

auto_stories

5 min

"D'Iddi vum Pavillon dëst Joer ass en 52 Quadratmeter Haus ze weisen, dat heescht de Minimum wou een zu Lëtzebuerg ka soen, datt et en Haus ass."

seet d'Architektin Sara Noel Costa de Araujo. Dat ganzt ass aus Holz gebaut:

"Mir gi vu Modullen aus, dat si kleng Unitéiten, dat si kleng Zëmmere vu 14,4 Quadratmeter, déi ee kann een un deen aner réien. Dat ass eng Struktur, déi awer da verschidde Funktioune kann hunn. Et huet een eng Buedzëmmer dran, ee Module huet d'Kichen, deen aner huet d'Schlofzëmmer, deen aner huet d'Entrée."

All Module huet just e Buedem, e Plaffong an eng Mauer, déi aner dräi Säite sinn op, entweder kommen do Fënsteren dran oder dee nächste Module gëtt do ugesat.

Haptesch a konkret Ausféierung

Fir d'Privatsphär an der Schlofkummer suergen dofir Rideauen, déi d'Textildesignerin Ester Goris entworf huet. Ee filigrane Rideau léisst d'Luucht, mee keng virwëtzeger Blécker eran. Do drop sinn d'Punkten opgebitzt, déi aus engem zweeten, liichtonduerchlässege Rideau erausgeschnidde sinn. Zitt een déi zwee iwwerteneen, ass d'Schlofkummer däischter. Och an der Kichen erlaabt e Rideau et, de Raum ënnerschiddlech anzedeelen, jee nodeems, wéi e gebraucht gëtt, an hëlt d'Struktur vun der Konstruktioun am Muster zeréck.

De Mobilier, dee souzesoe ronderëm d'Haus steet, ass vum belsche Kënschtler Koenraad Dedobbeleer entworf, an hëlt d'Form zeréck, déi all Module am Dach, als Luck oder als Ouverture fir eng Wendeltrap oder fir d'Haustechnik huet - nämlech e Krees mat engem Eck. Hei en Dësch an Hockeren, do en Uewen. Sou gëtt ugedeit, wéi ee ronderëm säin Haus lieft.

Et wéilt ee weisen, datt kleng Haiser kënne grouss ausgesinn, "wann se konsequent gezeechent sinn a mat Léift detailléiert sinn."

D'Zeenografie ass bei der Visiteuren um Press Preview gutt ukomm. Si ass haptesch a konkret ausgefouert. A si sëtzt sech - wéi een dat vun Architektur kéint erwaarden - domat ausernaner, wéi de Mënsch wunnt a lieft. Dat ass eng Stäerkt an domat stécht se am Arsenale ganz positiv erfir. Well fir bis dohin ze kommen, mussen sech d'Leit dank Covid-Einbahnsystem duerch den Haptsall kämpfen, laascht e ganze Koup Kitsch. Oder zum Beispill och Exponater, wou Mikroalge gezillt ginn. Oder wou Funghi mat Roboterärm an Harmonie op Betonsfläpp cohabitéieren...

Holz läit am Trend

Mat dem modulären Holzbau oder dem Holzbau iwwerhaapt, läit déi Lëtzebuerger Propos am Trend. De Pavillon vun den USA an den Giardini vun der Biennale honoréiert, datt déi allermeescht Wunnengen an den USA aus Holz, engem natierlechen an nowuessende Rohstoff, net aus Betong gebaut sinn. Dat mat enger grousser Holzkonstruktioun, op déi ee kann eropklammen.

Finnland geet a sengem Pavillon op d'Sich no der "gudder" Standardiséierung an der Architektur. An erzielt a sengem Pavillon d'Geschicht vun der Firma Puutalo, déi modulären Holzhaiser entworf a gebaut huet. Als éischt nom zweete Weltkrich, fir d'Flüchtlingen aus deene vu Russland annektéierte Gebidder ënner ze kréien. Mee seng Holzhaisercher och bis an d'Trope vun Zentralamerika exportéiert huet.

Homes for Luxembourg ass sengersäits eng duebel Reaktioun op den aktuelle Kontext. Op d'Situatioun um Lëtzebuerger Wunnengsmarché mat sengen deieren Terrainen, déi d'Proprietären oft net wëlle verkafen. Dat sollen se och net mussen, fir datt esou en Haus kann drop gebaut ginn:

"E mécht e normale Bail op sengem Terrain an e kann decidéieren op de Leit den Terrain lount fir fënnef, zéng oder 15 Joer. Dat muss tëscht hinnen ausgemaach ginn an da wann dee Bail eriwwer ass, kann e verlängert ginn, oder hie brauch säin Terrain an da gëtt de Module op de Camion gestallt an ewech geholl."

"Wéi ee klengt Stéck Stad bauen"

Et ass och eng Reaktioun op d'Covid-Kris, de Confinement an d'Froen iwwer d'Zesummeliewen tëscht Leit an tëscht Leit a Natur, déi se mat sech bruecht hunn:

"Wat wierklech schéin ass, ass datt een am Fräiraum ass, an datt de Noper niewendrun op enger Distanz ass, dat muss dann tëscht deenen zwee negociéiert ginn, mee datt ee keng Clôture méi huet. Dat heescht d'Iddi ass, et ass ee wierklech op engem Terrain, et ass een an der Natur an den Tëscheraum, dee negociéiers de. Et ass wéi e klengt Stéck Stad bauen. An et ass Relatioune mat de Noperen opbauen"

esou d'Sara Noel Costa de Araujo.

"Ech fannen et einfach schéin, well een an enger aner Relatioun ass zum Bausseraum wéi op enger normaler Parzell an enger Cité. An et geet wierklech dorëms."

Och mat där Reflexioun trëfft déi Lëtzebuerger Propose e Nerv. Am gemeinsame Pavillon vun de Skandinavier geet et ëm Wunnen an der Gemeinschaft.

Klenge Bemol un Homes for Luxembourg ass, datt an der Expo selwer dee Kontext, ebe vum Lëtzebuerger Wunnengsmarché, der temporärer Implantatioun op gelounten Terrainen an dem geduechten Zesummeliewen net wierklech erkläert gëtt. De Visiteur kritt net gesot, firwat déi Zeenografie, déi kuckt, entstanen ass. Mee bei der wéinst Covid ganz kuerzer Preparatiounsphas, war vläicht och net alles méiglech an aner Länner hate fir d'Ouverture nach guer näischt virzeweisen.