Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Henri Kox trëtt Mandat a Réimecher Gemengerot net un

Gemengepolitik

Henri Kox trëtt Mandat a Réimecher Gemengerot net un

De grénge Buergermeeschter sortant Henri Kox trëtt säi Mandat am Réimecher Gemengerot net un. Dat deelen déi Gréng an engem Communiqué mat. Dësen Dënschdeg ass offiziell de leschten Dag vum Henri Kox als Buergermeeschter. No 18 Joer am Déngscht vun de Réimecher Biergerinnen a Bierger an aacht Joer als Buergermeeschter géif et elo duergoen, seet den Henri Kox.

auto_stories

1 min

Henri Kox

Hie géif weideren Entwécklungen net am Wee stoen, seet den Henri Kox. Hie wéilt senge Kollegen den néidege Fräiraum ginn, fir sech z'entwéckelen. Hie wéilt awer weider verschidden Initiative mat ënnerstëtzen. Déi nei Esplanade, den Héichwaasserschutz an de Wunnengsbauprojet Gewännchen wieren Dossieren, bei deenen hie sech an Zukunft nach wéilt engagéieren. Dës Entscheedung wier säi gutt Recht. Seng Entscheedung hätt och mat der Wahlcampagne fir déi lescht Gemengewahlen ze dinn. Dat wier awer net deen eenzege Grond.

Bei de Gemengewahlen dëst Joer am Oktober huet dem Henri Kox seng Partei déi gréng zwee vu véier Sëtz zu Réimech verluer. Vun e Mëttwoch u gëtt Réimech Blo-Schwaarz. Neie Buergermeeschter gëtt de Jacques Sitz (DP).