D'Schwieregkeet am Dossier wier, datt d'Carole Dieschbourg als fréier Ministesch traitéiert misst ginn. Eppes, wat an der Verfassung net virgesinn ass.
D'CSV ass der Meenung, datt een d'Propos vum Parquet soll iwwerhuelen. Deen hat gemengt, datt d'Chamber eng Resolutioun stëmme sollt, datt déi fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg vun der Police judiciaire gehéiert ka ginn.
Bis e Mëttwoch sollen all d'Fraktiounen zesumme kommen, fir intern hir Positioun festzeleeën. Dann kënnt och d'Conférence des présidents nach eng Kéier zesummen am Dossier Carole Dieschbourg fir eng Prozedur festzeleeën.
Déi fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg kritt virgehäit hire Parteikolleeg Roberto Traversini bei Autorisatiounsprozedure bevirdeelegt ze hunn.