Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Héichkonjunktur mat Ausbléck no ënne vun 2020 un"

Konjunktur

"Héichkonjunktur mat Ausbléck no ënne vun 2020 un"

D’Projektioune vum Statec fir de Stabilitéits- a Wirtschaftsprogramm (PSC) datéiere vun Ufank Mäerz. Deenen Zuelen no läit de Wuesstem fir Lëtzebuerg 2018 bei 5,2 Prozent. 2021 sollen et awer just nach 1,9 Prozent vum PIB sinn. "Mir hunn eng zyklesch Projektioun gemaach", erkläert de Ferdy Adam vum Statec. Deene Berechnungen no ass d'Eurozon aktuell an engem héije konjunkturellen Zyklus, dee vun 2019 un erëm no ënne weist.

auto_stories

3 min

D’Regierung rechent fir 2018 mat engem Wirtschaftswuesstem vu 5,2 Prozent. Fir 2017 sollen et 4,4 Prozent sinn. Den Emploi soll bis 2019 all Joer bei iwwer dräi Prozent leien. De Chômage bleift ënnert 6 Prozent bis 2019.

Dës makroekonomesch Zuelen huet de Statec Enn Mäerz geliwwert fir d’Opstelle vum nationale Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm (PSC) an den nationale Reformprogramm (PNR), déi alle béid an de nächsten Deeg am Kader vum "europäesche Semester" op Bréissel geschéckt ginn.

"D’Previsioune si wéi d’Wieder"

"Previsioune kann ee op dräi bis sechs Méint maachen", seet de Ferdy Adam. Eng Projektioun awer géif op Hypotheesen baséieren, déi ee mëttel- oder laangfristeg kéint opstellen, an déi op enger Rei Variabele baséieren: Der Croissance an der Eurozon, de Bourssen, de Wiesselcoursen, dem Pëtrolspräis, den Zënsen. All déi Wäerter lafen zesumme fir eng "Projection conditionnelle" ze maachen: "Wann eng Konditioun ëmfält, ass Projektioun net méi ginn".

Den aktuelle Wuesstem ëm 5 Prozent baséiert op enger relativ gënschteger Entwécklung an der Eurozon. Dat well d’Eurozon an engem zykleschen Opschwong ass, erkläert de Spezialist beim Statec fir Konjunktur, Modelisatioun a Previsiounen. De Brexit oder den annoncéierte Protektionismus an den USA kënne mëttelfristeg de Wuesstem negativ beaflossen. Bis elo huet de Statec déi positiv a negativ Konsequenze vum Brexit net an déi zentral Projektiounen agebaut.

"Fir de Wuesstem an der Eurozon sinn aktuell Donnéeë ganz positiv mat 1,7 bis 1,8 Prozent dëst an d’nächst Joer". Fir déi mëttelfristeg makroekonomesch Entwécklunge geet de Statec vun der Hypothees aus, datt d’Croissance an der Eurozon op hire laangfristege Mëttelwäert zréckkënnt, also bei eppes méi wéi ee Prozent Croissance zréckkënnt, esou de Ferdy Adam.

De Statec hätt a seng Projektioun en Zyklus agebaut vun enger staarker Expansioun vun der Ekonomie, déi op eng méi moderat Entwécklung zréckgeet. "Dat bremst dann de Konjunkturzyklus an doduerch gëtt och d’Lëtzebuerger Ekonomie gebremst", seet de Ferdy Adam.

Eng zyklesch Projektioun mat Tendenz no ënnen

Déi expansiv Geldpolitik vun der EZB mat ganz niddregen Zënsen ënnerstëtzt aktuell d'Ekonomie. "Dat wäert iergendwann eriwwer sinn", seet den Ekonomist. D’Marchéë géinge sech vun 2018 bis 2019 un eng Normaliséierung vun der Geldpolitik erwaarden.

"Dat heescht, d'Zënse wäerten an d’Luucht goen, an d’Geldpolitik wäert d’Konjunktur manner stäipen. An deemno wäert den Opschwong à terme erëm ofschwächen". Dat erkläert, firwat um Enn vun der Projektioun vum Statec fir d’Joer 2021 den Emploi och net méi esou staark wäert wuessen. "Mir hunn eng zyklesch Projektioun gemaach".

D’Projektioune vum Statec fir de Stabilitéits- a Wirtschaftsprogramm datéiere vun Ufank Mäerz. Deenen Zuelen no läit de Wuesstem 2018 bei 5,2 Prozent. 2021 sollen et just nach 1,9 Prozent sinn. Den Emploi soll vun dräi Prozent 2018 op 1,5 Prozent d’Joer 2021 zréckgoen. Och beim Chômage seet de Statec no enger Baisse ënnert sechs Prozent, 2018 erëm e Chômagetaux vu bal siwe Prozent viraus.

Enn Mee leet de Statec seng nächst "Note de Conjoncture" vir. Dem Ferdy Adam no géif déi Note gënschteg fir dëst an d’nächst Joer ausfalen, an deemno net vill anescht wéi am PSC festgehalen. "Et gëtt kee Grond fir vun der positiver Stëmmung of ze wäichen".