Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Héich Energiepräisser: Virschléi vun der Oppositioun

Héich Energiepräisser

Héich Energiepräisser: Virschléi vun der Oppositioun

D'Oppositiounsparteie proposéieren Mesurë fir den héijen Energiepräisser entgéint ze wierken.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Piratepartei schléit zum Beispill eng Primm vir, déi un den CO2-Ausstouss gekoppelt ass.

Et géif een zanter sechs Méint esou ee Klimabonus fuerderen - ouni Erfolleg, seet de Marc Goergen am 100,7-Interview. All Stot soll 100 bis 150 Euro de Mount vum Staat kréien, erkläert den Deputéierte vun der Piratepartei.

Wie méi CO2 ausstéisst, soll manner Bonus kréien, esou d'Propositioun vun de Piraten.

Déi Lénk: 200 Euro Energiegeld

Déi Lenk waarden eegenen Aussoen no gespaant op d'Mesurë vun der Regierung a fuerdere selwer eng Energieprimm. Dës Zomm sollt een iwwer d'Steiererklärung zeréckkréien, erkläert d'Myriam Cecchetti:

"Mir als déi Lenk hu scho viru Méint gesot, et sollt een de Leit pro Mound 200 Euro Energiegeld ginn, dat wier eng direkt Hëllef fir déi Leit déi et néideg hunn"

CSV: Ënnerstëtzung och fir d'Mëttelschicht

Der CSV ass et wichteg, datt och d'Mëttelschicht eng staatlech Ënnerstëtzung kritt, an net just déi mat nidderegem Revenu, esou de Co-Fraktiounschef Gilles Roth.

Den CSV-Modell fir eng Energieprimm wier esou ausgeluecht, datt och eng Famill mat zwee Kanner, déi en Akommes vu bis zu 8.000 Euro hunn, eemol d'Joer eng Energieprime kréien.

ADR: Méi Gas aus Russland ass "méiglech"

Den ADR-Deputéierte Fred Keup mengt, et géife "Méiglechkeete" ginn, nees méi Gas aus Russland ze kréien. Wéi an zu wéi enge Konditiounen, seet hien net.

D'Majoritéitsfraktiounen hale sech iwwerdeems nach bedeckt mat Léisungsvirschléi. Si verweisen op d'Tripartite, an där d'Regierung mat de Gewerkschaften a mam Patronat staatlech Mesuren decidéiere wëllt.