Radioen

On air

De Moien  |  Cassandra Jenkins - Only One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Heiansdo immens laang Waardezäiten op de Grenzen"

Transportsecteur

"Heiansdo immens laang Waardezäiten op de Grenzen"

D'Erëmaféierung vu Grenzkontrollen an Europa wéinst der Corona-Pandemie bedeit fir d'Camionschauffere laang Waardezäiten. Een anere Problem si Raststätten, déi hir Toiletten an Duschen zougemaach hunn, esou beschreift de Pitt Ney d'Situatioun dëser Deeg uechter Europa: hie betreit grouss Clientë bei der Entreprise Wallenborn Transports S.A.

auto_stories

2 min

De Pitt Ney erzielt, datt op de Raststätten dacks d'Toiletten an d'Duschen zougespaart wieren. "Och op den normale Raststätten op den Autobunnen, wou näischt verkaaft gëtt, do hunn eis Chauffere keng Méiglechkeet sech d'Hänn ze wäschen oder ze duschen."

Mat dëse Problemer wieren d'Chauffeuren de Moment et op ville Plaze konfrontéiert, dat wier a ganz Europa de Fall, seet de Pitt Ney. Et géif awer en Appell vun de Leit ginn, datt déi sanitär Anlagen erëm fir d'Camionschaufferen opgespaart solle ginn.

"Et ass vill méi lass, wéi virun engem Joer"

D'Entreprise Wallenborn beschäftegt iwwer 1.000 Chauffeuren an ass an zéng Länner aktiv. Op d'Corona-Kris wier ee preparéiert, esou de Pitt Ney.

"Virun engem Mount hu mir ugefaangen eis Mesuren ze huelen. Eis Chauffeure goufen all trainéiert an ekipéiert mat Masken, Händchen an Desinfektiounsmëttel: am Fong sinn dat déi gréissten Upassungen, déi mir hunn."

Trotz der weiderer Ausbreedung vum Coronavirus ginn et bei der Lëtzebuerger Transportentreprise bis elo keng Problemer, bis elo géifen et keng Krankheetsfäll an der Entreprise ginn. "Mir hunn do richteg Chance", seet de Pitt Ney.

Anescht wéi a villen aner Secteure gëtt et bei Wallenborn Transports och keng Kuerzaarbecht: ganz am Géigendeel, seet de Pitt Ney, et wier de Moment "vill méi lass, wéi virun engem Joer".

D'Wichtegkeet vum eCommerce

E Changement wier awer, datt d'Cargo-Fluchgesellschafte vill méi Wueren transportéieren, well d'Passagéiergesellschafte quasi net méi fléien, an also keng Wuere méi kënne mathuelen.

Eng aner Entwécklung gëtt et bei de Privatleit, déi méi Saachen um Internet bestellen. Amazon hat gemellt, datt eleng an Däitschland 350 nei Aarbechtsplazen am Beräich Logistik solle geschafe ginn. De Pitt Ney mengt, datt duerch d'Corona-Kris den eCommerce nach méi wichteg an Europa kéint ginn.