Radioen

On air

Tockcity  |  Isaac Delusion - Disorder

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Haut start déi sektoriell Tripartite iwwwer d'Zukunft vun der Luxair

Probleemer bei der nationaler Fluggesellschaft

Haut start déi sektoriell Tripartite iwwwer d'Zukunft vun der Luxair

Am Mobilitéitsministère ass de Moien eng sektoriell Tripartite iwwer d'Zukunft vun der Luxair: D'Gewerkschaften hate virun e puer Wochen eng urgent Reunioun mam Ministère a mat der Luxair-Direktioun gefrot, well de Sozialdialog bei der nationaler Fluggesellschaft an der Sakgaass war. De Luxair-Verwaltungsrot huet der Tripartite virum Weekend virgegraff an eng Mediatioun an d'Weeër geleet.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Soos Jozsef

Lauschterenplay_arrow


Haut ass also eng sektoriell Tripartite a Presenz vum grénge Mobilitéitsminister François Bausch. Och déi éischt Mediatiounsronn soll nach dës Woch sinn. De President vum Verwaltungsrot Giovanni Giallombardo an de fréiere Procureur Général Robert Biever sollen tëscht der Luxair-Direktioun an de Gewerkschafte vermëttelen.

Dës Woch gëtt et also méi Geleeënheete fir d'Kaarten op den Dësch ze leeën. De Sozialdialog bei der nationaler Fluggesellschaft war déi lescht Méint méi schlecht ginn.

D'Aktivitéit war no Corona erëm ugezunn

D'Gewerkschafte kritiséieren ënnert anerem de Féierungsstil vum Generaldirekter Gilles Feith. Dee war virun zwee Joer wärend der Pandemie bei d'Luxair gewiesselt. D'Situatioun dono war net einfach: Et goufe finanziell Verloschter gemaach, am Hierscht 2020 goufen eng 350 Aarbechtsplazen ofgebaut. De Staat huet mat legalen Instrumenter gehollef: Mat enger Cellule de reclassement, mat chômage partiel, mat Pré-Retraiten, verschidde Mataarbechter goufen u Verwaltungen ausgeléint.

Mee dëst Joer ass d'Aktivitéit nees staark ugezunn: De Gewerkschaften no gëtt et dowéinst e groussen Aarbechtsdrock. Dofir fuerdere si ënnert anerem, datt d'Salairen nees klammen. Am Hierscht 2020 ware si eigentlech nach averstanen, d'Salairë bis Enn d'nächst Joer anzefréieren.

Wéi stellt d'Luxair sech fir d'Zukunft op?

Donieft stelle sech Froe fir d'Zukunft: Wäert d'Luxair wuessen, fir wéi eng nei Fligere wäert se sech decidéieren, wäert se weider eleng den Handling um Flughafen assuréieren?

Alles dat Froen, op déi haut an der sektorieller Tripartite an deemnächst an der Mediatioun soll diskutéiert ginn.

Virun der sektorieller Tripartite hunn d'Gewerkschaften de Moien och eng Manifestatioun organisiert. De Cortège geet um aacht Auer vum Glacis bis op de Kierchbierg bei de Mobilitéitsministère, wou géint véirel fir néng Riede gehale ginn.