Hausse vun de Praisser fir Appartementer
D’Präisser fir Appartementer sinn am 3. Trimester dëst Joer op e neits an d’Luucht gaang. De neiste Chiffre vum “Observatoire de l’habitat” vum Logementsministère no, louch d’Hausse par Rapport zum Trimester virdrun bei 1,6 Prozent an iwwert ee Joer gekuckt bei 6,5 Prozent. Dës staark Evolutioun erklärt sech virun allem duerch d’Hausse vun de Präisser vu nei gebauten Appartementer, an dat virun allem am Zentrum-Süden vum Land. Den Duerchschnëtts-Präis fir Appartementer déi nei gebaut ginn variéiert tëscht manner wéi 3800 Euro de Meter Carré am Norde vum Land, a méi wéi 5600 Euro de Meter Carré am Zentrum an am Süde vum Land.
Hei en Interview vum François Aulner mam Julien Licheron, Chercheur beim CEPS/Instead a Coordinateur vum "Obervatoire de l'habitat" vum Logementsministère.
[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/Logement.mp3"]