Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Swamp Dogg - Count The Days Feat. Jenny Lewis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hate Speech an der Schoul

Fräie Mikro

Hate Speech an der Schoul

Cool Spréch a Provokatioune waren ëmmer schonn Deel vun der Jugendsprooch. Mee de Phenomen verschlëmmert sech, fënnt d'Judith Reicherzer am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Wann een d'Experten an eise Lycéeë freet, wat déi aktuell Problemer bei de Schüler sinn, soen si spontan net just COVID. Si soen och: d'Sprooch.

Eng aggressiv Sprooch etabléiert sech

Hiere Constat: Virun allem méi jonk Schüler a Schülerinnen tëscht 12 a 14 Joer schwätzen ënnereneen immens radikal. "Ech wäert dech mam Auto iwwerrennen..." oder "Du Schwuchtel... Ech kommen deng Mamm vergewaltegen, Gars!" Net just d'Jongen, och vill Meedercher droe mat Gewalt, si erniddregen déi aner a maachen hinne verbal Angscht. Net just Randgruppen, nee, Kanner aus alle Schichten a vun all Originne fannen eng staark sexualiséiert an aggressiv Sprooch ënnerenee ganz normal.

D'Jugendsprooch war schonn ëmmer e Mëttel fir sech vun den Erwuessenen ofzegrenzen. Mee an deene leschte Méint huet den Toun tëscht de Kanner eng nei Qualitéit kritt. "Mir gesinn eng Verrohung, wéi mer se virdrun ni kannt hunn", heescht et an de Lycéeën.

Firwat ass dat esou? Enseignanten, Psychologen an Erzéier hunn eng ganz Réi vun Explikatiounen dofir.

E Gronn fir de rauen Ëmgangstoun kéinten déi sozial Medie sinn, déi d'Kanner am Lockdown nach méi intensiv genotzt hunn. Si imitéieren déi Hate Speach, déi si op Tiktok a youtube héieren, elo ouni Hemmungen am Pausenhaff.

En anere Gronn kéinten déi aggressiv Texter an der Musek sinn. Stars wéi de franséische Rapper Ziak gi fir hire Lidder, an deene si d'Gewalt zelebréieren, och zu Lëtzebuerg bejubelt. Grad am Rap ass d'Provokatioun e Stilmëttel, dofir geet d'Toleranz ganz wäit. Den dätsche Rapper Nimo beschreift haart an explizitt eng Vergewaltegung an de Song gëtt eréischt Wochen drop blockéiert. Seng extrem brutal Sprooch gëtt awer virun allem vun déi méi jonke Schüler ganz séier an onreflektéiert iwwerholl.

Covid als Booster

Et gëtt nach aner Grënn fir de rauen Toun an eise Schoulen. De COVID ass elo nach de Booster. D'Sproch ass fir eis Jonker ee Mëttel, fir op de COVID-Stress ze reagéieren. Si soen net "klibber mech", si soen "Sprang vun der Bréck" a manifestéieren domadder och hire Malaise.

Wierder bedeiten eppes, si beaflossen eist Denken, a si soen eppes aus iwwer deen, dee se benotzt. Wie sexistesch schwätzt ass net automatesch e Sexist. An awer...

Elteren, Enseignanten, Trainer missen deene Jonken dofir kloer soen, datt Hate Speech net normal ass, net am Internet an och net am normale Liewen. Si missen déi Jonk korrigéieren, déi onreflektéiert vu Gewalt a Vergewaltegung plapperen. Mee dofir missten si hinnen awer och nolauschteren. Si missten hir verbal Aggressiounen eescht huelen, an och den Drock dohanner gesinn.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.