Handwierk hofft op Entlaaschtung bei Steierreform

Wa gréisser Entreprisë méi Steiere géife bezuelen, da kéinte kleng a mëttel Betriber vun der geplangtener Steierreform verschount bleiwen. Dat ass d'Rechnung vun der Handwierkerfederatioun. Hire Generalsekretär Romain Schmit pocht weiderhin op eng Vereinfachung vun de Prozeduren, besonnesch am Ëmweltberäich.

20151005-schmit-1009291

Den obligatoreschen Accord vun der Waasserverwaltung fir Deelbebauungspläng (PAP) géif a verschiddene Fäll ze wäit goen, d’Prozedure géifen ze laang daueren, sot de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun an eiser Emissioun Invité vum Dag. Verwaltunge géife sech zënter Joere “verselbstännegen”, sou de Romain Schmit. “Se hunn en Optrag a se huelen deen, an eisen Aen, e bëssen ze vill à la lettre”. Mesuren, fir d’Zerstéierung vun der Ëmwelt wéinst der Nordstrooss ze kompenséieren, beispillsweis, kéinten aus deem Grond nach an dräi Joer net ëmgesat ginn.

Virun der geplangtener Steierreform mécht dem Romain Schmit déi méiglech Verbreedung vun der “base imposable” bei der Betribsbesteierung suergen. Déi sougenannt “aide fiscale à l’investissement”, vun där kleng a mëttel Betriber den Ament profitéieren, “riskéiert ënnert d’Rieder ze kommen”. Dofir kéint een de PME hëllefen, iwwer Eegekapital z’investéieren an net nëmmen iwwer Emprunt.

Allgemeng hofft de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun, “dass mer genuch Betriber hunn, déi mer kënne besteieren, och där déi bis elo vläicht manner besteiert goufen, fir ze kucken, dass mer kleng a mëttel Betriber an d’Handwierksbetriber net ze vill belaaschten, respektiv se e bëssen z’entlaaschten”.

Aarbechtszäitkonten nëmme sektoriell eng Léisung

Um aarbechtsrechtleche Plang pocht de Romain Schmit op d’Verlängerung vun der Referenzperiod vu bis elo véier Wochen op véier Méint. Anescht wier keng flexibel Organisatioun vun den Aarbechtspläng méiglech ouni direkt an d’Iwwerstonnereegelung ze falen. Aarbechtszäitkonten, sou wéi d’Gewerkschaften se verdeedegen, kéinten och aus Siicht vun den Handwierksbetriber eng Léisung bréngen. Allerdéngs nëmmen a verschiddene Secteuren, um nationale Plang wier dat schwéier ëmzesetzen.

De Kënnegungsschutz fir Salariéen, déi de Congé parental an Usproch huelen, géif ee net kontestéieren, sou de Romain Schmit. De Problem wier déi méi grouss Flexibilitéit, déi d’Reform vum Congé parental de Salariéë géif erméiglechen, op Käschte vun den Entreprisen.

 

AUDIO

De Romain Schmit am Gespréich mam Mick Entringer:

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen