Dee Plus géif sech virun allem duerch déi méi héich Präisser fir landwirtschaftlech Produiten an ee spuersamen Ëmgang mat Dünger a Fuddermëttel erklären. Den Drock op den Agrarsecteur géif awer d'nächst Joer weider héich bleiwen, heescht et weider.
Déi aktuell geopolitesch Tensiounen op der Welt souwéi de Klimawandel bleiwe bestoen an hunn e groussen Impakt op d'Situatioun um Marché am Landwirtschaftssecteur. Eng virsiichteg Krisegestioun wier deemno och dëst Joer unzeroden. Dofir wieren och staatlech Hëllefe virgesinn, erkläert de Landwirtschaftsminister Claude Haagen.
Weider staatlech Hëllefe fir dëst Joer virgesinn
Iwwer eng staatlech Hëllefen am Energieberäich a bei den Dünge- a Fuddermëttel wéilt een dem Secteur weider hëllefen. D'EU-Kommissioun hätt dozou och schonn e favorabelen Avis ginn. Déi Hëllefe solle viraussiichtlech fir dat ganzt Joer 2023 gëllen.
Et misst ee sech awer elo periodesch mam Secteur zesummesetzen, fir d'Evolutioun um Marché vun de Produktiounskäschten an de Verkafspräisser z'analyséieren, esou nach de Landwirtschaftsminister. Déi nächst gréisser Reunioun ass fir Mëtt des Jores virgesinn.
Entwécklung a Richtung Biolandwirtschaft soll weider gefërdert ginn
Weider sinn och Subventiounen an Hëllefe geplangt, fir eng Ëmstellung vu konventionelle Betriber op Bio-Betriber z'erliichteren. Dëst wier néideg, fir d'Zilsetzung vun der Regierung, bis 2025 en Undeel un Bio-Ubau vun 20 Prozent ze hunn, z'erreechen. D'Situatioun an der Bio-Landwirtschaft wier de Moment awer duerch d'Käschten- an d'Präisexplosioun net favorabel, sou nach de Claude Haagen. "Normalerweis kucke si dann a wat fir eng Richtung si ginn, an dann ass d'Tendenz do fir manner an d'Bio-Produiten ze goen, wat schued ass."
Och hei wier de Ministère amgaangen, eng genau Analys ze maachen, fir erauszefannen, wéi eng Facteuren zu enger schwiereger Situatioun an der Bio-Landwirtschaft bäidroen, esou nach de Claude Haagen.