Radioen

On air

Notturno  |  Witch - Waile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grupp Becca: 879 Luxusaueren a weider Luxusartikele goufe kaaft

Prozess géint Flavio Becca

Grupp Becca: 879 Luxusaueren a weider Luxusartikele goufe kaaft

Iwwer d'Gesellschafte vum Grupp Becca goufen net nëmmen 842 Luxusauere kaaft, mee op d'mannst 879, grad wéi aner Luxusartikelen, an dat zum Beispill zu Düsseldorf, Knokke, Paräis an an Italien, esou den Enquêteur vun der Kriminalpolice haut am Prozess virun der 12. Chambre correctionelle an der Stad.

auto_stories

1 min

De Promoteur Flavio Becca steet zanter gëschter wéinst dem Virworf vun Abus de biens sociaux viru Geriicht.

De Enquêteur vun der Police Judiciare huet un Hand vun den zéng gréisste (vun den am Ganze 74) Fournisseuren erkläert, wéi eng Aueren a wéi engem Zäitraum a fir wéi eng Valeur vum Flavio Becca perséinlech kaaft an iwwer seng Gesellschafte finanzéiert gi wieren.

A sengen Aussoe bei der PJ hätt de Flavio Becca gesot, hien hätt ni Aueren un drëtt Leit verschenkt, hien hätt awer Familljememberen e puer vun den Aueren zur Verfügung gestallt, esou den Enquêteur.

De Polizist huet och den Detail vun de Finanzbuchungen erkläert: Buchungen, déi zum Deel iwwer Konte vum Flavio Becca senger Holding zu Hongkong gelaf wieren.

D'Suite vun dësem Prozess ass muer de Moien, mat Froen un de Flavio Becca.