Radioen

On air

Tockcity  |  Vampire Weekend - Classical

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Groussen Daten-Honger zu Lëtzebuerg

Telekommunikatioun

Groussen Daten-Honger zu Lëtzebuerg

De fixen Telefon verschwënnt a bei den Internet-Uschlëss läit Lëtzebuerg un der EU-Spëtzt. Eng rezent Etüd iwwer d'Telekommunikatioun weist: De Marché ass vun engem groussen Daten-Honger markéiert an den technesche Reseau ass och op alle Niveaue fit.

auto_stories

2 min

Méi wéi 95 Prozent vun de Wunnengen zu Lëtzebuerg hänken un engem Internet-Uschloss mat héijem Debit - domat leie mir an der EU mat un der Spëtzt. De systemateschen Ausbau vu Glasfaser an elo och 5G dréit seng Friichten, dat hätt besonnesch d'Pandemie mam Homeoffice respektiv Homeschooling gewisen.

An hirer Etüd iwwer d'Telekommunikatiounsservicer zu Lëtzebuerg gesäit den ILR (Institut luxembourgeois de régulation) virun allem Interessi fir Verbindunge mat ultra-héijen Debiten. Si maache momentan iwwer 73 Prozent vun allen Uschlëss aus, Enn 2021 waren iwwer 134.000 Stéit un d'Fiber ugeschloss.

Um Verschwannen ass momentan de fixen Telefon deen zwar nach bei de Leit steet, awer bal net méi benotzt gëtt. D'Tariffer fir fix Internet-Uschlëss si generell zanter zwee Joer an der Hausse, an déi mobil Servicer sinn amgaang, déi fix Offeren ze iwwerhuele wat de globale Revenu ugeet, zesummen ass deen ëmmerhi 576 Milliounen Euro wäert, ouni Apparater a Contenu.

Grouss Offer un Tariffer fir Mobil-Telefonen

Wat d'Tariffer bei Mobil-Telefonen ugeet, esou ass d'Offer hei jee no Provider ënnerschiddlech a nëmme ganz schwéier ze iwwerblécken. Den ILR huet dofir sechs verschidde Konsumententyppe berechent an dann all Kéier gekuckt wéi sech d'Präisser fir deen entwéckelt hunn.

Allgemeng gëtt festgestallt, datt d'Entwécklung net homogen ass, niddereg Offere sinn éischter méi deier ginn, Abonementer mat héijem Debit dogéint si präislech méi interessant ginn. Fir de Konsument heescht dat virun allem, datt e genee soll kucken, wat en och wierklech un Abonement brauch. Vill Clientë géifen Abonementer kafen, déi si net ganz notzen. Et wier dofir interessant ze kucken, wat ee genee brauch, wéi vill een telefonéiert oder wéi vill Daten ee consomméiert, iert een en Abo ënnerschreift.

Wat d'Televisiounsoffer betrëfft, sou ass och hei d'Post mëttlerweil d'Nummer eent am Beräich Internet-Televisioun. Zesumme mat Eltrona decke si 70 Prozent vun den Televisounsuschlëss of.


Deemnächst wäert um Site www.ilr.lu e Modellrechner ze fanne sinn, deen et engem erlaabt, déi gënschtegst Offer fir säi Profil ze fannen.