Radioen

On air

De Moien  |  Arcade Fire - Everything Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grouss Klima-Manifestatioun zu Glasgow

COP26

Grouss Klima-Manifestatioun zu Glasgow

Fir den zweeten Dag hannerenee sinn dëse Samschden zéngdausende Manifestanten zu Glasgow op d'Strooss gaangen. Si hu fir méi Mesurë fir géint de Klimawandel ze kämpfe protestéiert. Och hunn si hir Frustratioun mat der Welt-Klimakonferenz gewisen, op där Politiker, Diplomaten, a Negociateuren entscheeden op genuch gemaach wäert gi fir d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

"Ech mengen et war eng vun de gréisste Maniffe wou ech jee war. Gëschter ware mer och bei Fridays For Future an do waren och extreem vill Leit, mee ech mengen dat heiten toppt nach eng Kéier alles", sou den Tom Scheidel, 26 Joer al, nach viru Kuerzem Student zu Bréissel, elo Aktivist zu Glasgow. Hien ass ee vun dräi Lëtzebuerger déi ech am grousse Park am Zentrum vun der Stad treffen. Mat Zéngdausenden anere si si duerch de Reen marschéiert, guer net wäit vun de Foireshale wou d'Welt-Klimakonferenz stattfënnt, mee wou hirer Meenung no net op si gelauschtert gëtt.

"Ech mengen d'Leit erwaarde sech och, datt déi Leit un der Spëtzt och eppes maachen an hinnen entgéint kommen. (...) Ech mengen d'Leit wëllen net méi vu Geld schwätzen héieren (...) d'Leit wëllen elo eng Ännerung", seet d'Alessandra Barale, hatt ass 24 Joer al.

Determinéiert Aktivisten

Zu hiren Demandë gehéiert zum Beispill datt déi räich Länner am Norde méi fir déi aarm Länner am Süde maache sollen, fir déi déi net Matschold hunn fir de Klimawandel mee elo schonn d'Konsequenzen droen.

D'Organisateure schwätze vun 100.000 Leit déi zu Glasgow sollen op der Strooss gewiescht sinn. Ënnert hinnen ass de Max Hoffmann. Hien ass der Meenung, datt d'Leit genee wësse wat se vun de Verantwortleche wëllen. "Si si ganz determinéiert a si hu keng Angscht virun der Zukunft. Si maachen dat hei mat Passioun mat Determinatioun a si wëlle wierklech eppes erreechen a si schrecken net virun der Erausfuerderung zeréck. Et reent et ass kal, mee et gëtt gestreikt a weider gemaach."

Si kucken déi nächst Woch op de Sommet wou en Accord soll ënnerschreiwe ginn dee weist wéi genee all Land dozou bäidroe wäert fir d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren.