De Pic vun der Gripp am Wanter wier méi héich, wéi deen am Fréijoer dëst Joer, stellt d'Santé fest.
Ufanks Oktober schonn hatt de Gesondheetsministère en Appell un d'Populatioun gemaach: Dëse Wanter géif et e Risiko vu méi schlëmme Grippenerkrankunge ginn. Dat well wärend der Covid-Pandemie manner Leit eng natierlech Immunitéit géint d'Gripp opgebaut hätten.
Santé recommandéiert sech géint Gripp impfen ze loossen
D'Santé hat dofir och eng Impfung géint d'Grippe recommandéiert, besonnesch fir vulnerabel Persounen - dozou gehéiere Leit vu 65 Joer a méi, schwanger Fraen an HIV-Positiver.
Och Leit, déi reegelméisseg Kontakt mat vulnerabele Persounen hunn, sollte sech der Santé no géint d'Gripp impfe loossen.
D'Grippeimpfung sollt ee bei sengem Dokter maache loossen, si ass gratis fir Leit vu 65 Joer oder méi an aner vulnerabel Persounen. D'Grippeimpfung kann och gläichzäiteg mat enger Covid-Impfung gemaach ginn.
Covid-19: Hospitalisatioune bleiwe stabel
Wat de Covid-19 ugeet, gouf et d'lescht Woch aacht weider Doudesfäll. D'Hospitalisatiounen an Infektioune si méi oder wéineger stabel bliwwen: 38 Leit goufe wéinst Covid-19 hospitaliséiert, eng Persoun war op der Intensiv-Statioun.
Bei den Infektioune gouf et am Ganzen 2.729 Fäll - dat waren der 155 méi wéi d'Woch virdrun. Bal 40 Prozent dovu ware Re-Infektiounen.