Gréng Luucht fir erweidert Zënsbesteierungsdirective

IMG_1222-300x224.jpg

D’lëtzebuerger Regierung huet wéi erwaart gréng Luucht gi fir eng Erweiderung vun der Zënsbesteierungsdirektive. De Premier Xavier Bettel sot sech während dem EU-Sommet zu Bréissel “zefridde” mat de Garantien, déi hie krut. D’EU-Kommissioun soll weider mat Drëttstaaten wéi der Schwäiz verhandele fir datt och si d'EU-Norme fir den Echange vu Steier-Donnéeën adoptéieren. Falls dës Verhandlunge bis Enn des Joers net déi erwënscht Resultater géinge bréngen, soll d’EU-Kommissioun Mesurë presentéieren déi sécherstellen, datt d'Drëttstaaten awer mat op de Wee vum erweiderten automateschen Informatiounsaustausch ginn.

Wat ee sech ënnert dëse Mesurë kéint virstelle, konnt de Premier net präziséieren.

Donieft ginn d’Drëttstaaten opgeruff, de globale Standarde vun der OECD zouzestëmmen. Op d’Fro, ob Lëtzebuerg dann och der Initiativ bäitrëtt vum Grupp vu Länner déi d’global Norme schonn acceptéiert hunn, sot de Xavier Bettel, datt een den éischte Schrëtt geholl hätt an elo kucke géing, wéi et virugeet.

De Bäitrag vum François Aulner :

 

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen