Radioen

On air

De Moien  |  Gengahr - Heavenly Maybe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Go Trump!

Presidentschaftswahl USA

Go Trump!

An den USA sinn d’Presidentschaftswahlen am November 2016 nach ëmmer iwwert e Joer ewech, mee dat heescht net datt déi vill Kandidaten net elo schonn em d’Iwwerliewe kämpfen. Eisen USA-Korrespondent war fir d’éischt Kéier op engem Meeting vum Donald Trump, Presidentschaftskandidat fir d’Republikaner. Et war eng relativ intensiv Experienz.

auto_stories

3 min

“D’Atmosphär ass net ëmmer frëndlech”, esou de Philip Crowther zu Richmond, Virginia. Et ass den éischten Wahlmeeting vum Immobilie-Mogul a Milliardär Donald Trump. Eng 20 Leit, ënnert de 5000, ënnerbriechen de Presidentschaftskandidat: et si Latäin-Amerikaner, déi wëlle kloermaache wat se vun him halen. “Gehäit hie raus”, jäizen se.

Firwat ass zimlech logesch: Den Donald Trump huet e relativ limitéierte Wahlprogramm… hien huet éischter Iddien. Hie wëll zum Beispill well all illegal Immigranten aus dem Land  erausgeheien, also 11 Millioune Mënschen. An hie wëll tëscht den USA a Mexico eng Mauer baue loossen, fir d’Immigranten erauszehalen.

Den Elefant am Porzeläin Geschäft

Den Donald Trump huet um Ufank ganz witzeg geklong. De Mann dee keng Ahnung huet vu Politik, jiddereen an alles ugegraff huet. E Net-Politiker par excellence.

De Philip Crowther huet en och ganz witzeg fonnt, bis hie vu senge Supporter am Public ugegraff gouf. “Zwar just liicht mee trotzdem,… do gouf ech fortgedréckt a meng Kamera och. Do wollten der e puer net, datt ech d’Demonstratioun filmen, amplaz den Här Trump beim Podium.”

“De Public mécht engem Europäer dach e bëssen Angscht”, esou eisen USA-Korrespondent. “Se si vun der rietser Säit, der ganz rietser Säit souguer. Do si vill Rassisten dobäi, dat muss een einfach esou kloer soen. Vill wëllen an de Krich goe géint jiddereen an alles, vill Veterane sinn dobäi.”

Dem Philip Crowther no, sinn awer och Familljen a Studenten dobäi. Dës wiere net onbedéngt  Wieler, mee éischter fir den Zirkus do. Den Donald Trump ass e Phänomen, eng berühmt Fernseh-Perséinlechkeet, eng Kult-Figur.

Eng Foto mat him, oder en Autogramm, ass Gold wäert. Dat huet net méi vill mat Politik ze dinn.

Wat denken d’Demokraten?

Den Donald Trump ass nach ëmmer vir an de Sondagen, scho Méint nodeems hien den Experten no sollt verschwonne sinn. Do ass eppes dran, datt esou vill Amerikaner prett sinn ze soen se géinge fir hie wielen. Et ass eng Meenung, datt just en absoluten Outsider, e Mann dee mat Politik näischt um Hutt huet, Saache kann änneren. Radikal ännere par Rapport zu de läschte siwe Joer vun der Obama-Presidentschaft.

Wat denkt den Obama iwwerhaapt vum Donald Tump? “No comment” ass d’Äntwert. Aus guddem Grond: D’Demokrate sinn der Meenung, datt se nëmme kennen dovunner profitéiere, datt déi republikanesch Partei mat esou engem Mann wéi den Donald Trump a Verbindung bruecht gëtt.

Audio

D'Auslandschronik vum Philip Crowther vum 19. Okotber 2015