Radioen

On air

De Moien  |  Daniel Balthasar - Got What You Wanted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ginn hirer Roll gerecht"

Logement

"Ginn hirer Roll gerecht"

Déi gréng Partei begréisst eegenen Aussoen no datt déi jonk gréng d'Regierung d'lescht Woch opgefuerdert hunn iwwer nei Steiermesuren am Logementsberäich nozedenken. "Si ginn hirer Roll gerecht fir de Fanger op oppe Wonnen ze leeën", seet déi gréng Co-Presidentin Djuna Bernard op Nofro hin.

auto_stories

1 min

Déi jonk gréng haten d'lescht Woch gemengt, verschidde Steiervirdeeler fir Investisseure sollten ofgeschaaft ginn an Ierfschaften, gréissere Räichtum an eidel Wunnenge sollte méi staark besteiert ginn. Mat deenen zousätzleche Recettë kéint de Staat méi bezuelbare Wunnraum schafen.

Och déi gréng Partei géif d'nächst Woch op enger Pressekonferenz konkret Fuerderunge presentéieren, esou Djuna Bernard. A punkto Steiermesurë wéist ee wou "am Moment de Schong dréckt" an zwar bei der Reform vun der Grondsteier. Do géif een och op enger Linn mat der Jugendpartei leien.

Déi Gréng si selwer Deel vun der blo-rout-grénger Regierung, a stellen och de Logementsminister. D'Djuna Bernard seet awer, d'Problemer um Wunnengsmaart kéint ee just a méi Ressorte léisen.

Bis zu de Chamberwalen an zwee Joer wéilt ee mat de Koalitiounspartner DP an LSAP weider Konsenstheeme fannen, esou nach d'Djuna Bernard.