Gëtt de Gehälteraccord beim Staat no de Wahlen ëmgesat?

D’CGFP hätt gär, datt déi nei Regierung sech un de Gehälteraccord an un d’Gehälterreform hält. “Mir ware bereet, d’Akrafttrieden eng Kéier ze verleeën, mä dat heescht heescht net, rëm a rëm verleeën”, esou de CGFP-Generalsektretär de 24. September an enger Wahlemissioun hei um 100,7. D’Gehälter an der Fonction Publique wiere lo fënnef Joer laang net gehéicht ginn. "D’Hausse vum Punktwäert em 2,2 % op den 1. Januar 2015 ass absolut ugepasst", esou de Romain Wolff. D’DP huet an hirem Wahlprogramm stoen, de Gehälteraccord an der Fonction Publique wier net ze finanzéieren.

D'Konklusioun vun der Analyse vum Jean-Claude Franck ass, datt ee vun de vläit gréissten Défien an der Fonction Publique dee vun enger gudder Gérance vum Personal ass. "Dat
eet domat un, datt d'Leit sollen do agestallt gi, wou se gebraucht ginn, an
et do, wou am Häertste gejaut gëtt oder wou de Minister engem e
efale maache wëll. Iwwert en efficace Recrutement zum Beispill kënnen och Sue
espuert ginn, mä dat allerdéngs schéngt vill méi komplizéiert, wéi einfach
inear bei de Léin unzesetzen...", heescht et an der Emissioun, déi Der hei nolauschtere kënnt:

Programm

Net verpassen

  • De radio 100,7 sicht Redakteren/Animateuren

    radio 100,7

    De radio 100,7 sicht fir seng Magasinn-Redaktioun 1 Redakter/Animateur (m/w) 20 St/W (CDD 1 Joer)
    an 1 Redakter/Animateur (m/w) 40 St/W (CDI) fir direkt ze engagéieren.

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen