Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Getrennte Schoulklassen: Ënnerschiddlech Meenungen a Reaktiounen

Educatioun

Getrennte Schoulklassen: Ënnerschiddlech Meenungen a Reaktiounen

Vun dësem Méindeg u sinn d'Schüler fir de Rescht vum Schouljoer erëm all zesummen an de Klassen. An der Grondschoul an an de Lycéeën ass deemno d'Opdeelung an A/B-Gruppen vun haut un erëm opgehuewen. Den Educatiounsministère hat dëse Schrëtt trotz Kritik verteidegt, mam Argument, datt Kanner a Jugendlecher net esou dacks vum Coronavirus betraff sinn.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / lcv

De Bäitrag vum Stephan Polet lauschterenplay_arrow


Réckendeckung krut den Educatiounsministère och vum Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit. Dee sot de Moien hei op der Antenn:

"Kanner hu wéineg Risiko de Virus ze kréien an hunn och wéineg Risiko de Virus weiderzedroen. Do ginn et mëttlerweil och gutt Etüden am Ausland, déi dat kloer beleeën."

Dat däitscht Bundesland Baden-Würtemberg hat heizou eng grouss ugeluechten Etüd an Optrag ginn. Hei koum ee bis elo effektiv zu der Conclusioun, datt Kanner manner dacks infizéiert sinn, wéi hir Elteren. Allerdéngs kuckt dës Etüd nëmme Kanner tëschent 0 an 10 Joer. Hollännesch Fuerscher kommen awer zu änleche Resultater bei 0 bis 17-järegen. D'Iwwerdroe vum Virus wier deemno tëschent Kanner a vu Kanner op Erwuessener manner heefeg, wéi tëschent Erwuessenen oder vun Erwuessenen op Kanner.

Dat gesäit awer net jiddwereen esou. Den däitsche Virolog Christian Drosten huet an engem rezenten Interview um NDR-Radio gesot, datt et eng Rei Ausbréch a Schoule weltwäit géif ginn. Notamment ee rezenten zu Berlin.

"Wenn ich richtig informiert bin, gab es dort wirklich Weiterübertragungen. Da sind mehrere Schüler und Schulbeschäftigte gleichzeitig betroffen. das ist eigentlich nur erklärbar durch eine Weiterübertragung in der Schule."

De Professer Claude Muller, Virolog beim Luxembourg Institute of Health, bestätegt den Direkter vun der Santé, wat den aktuelle Fuerschungsstand bei Kanner a Jugendlechen ugeet. Dem Virolog Muller no wier et awer wichteg, datt all déi aner Sécherheetsmesuren agehale ginn. Hie recommandéiert dofir och, esou wäit wei méiglech d'Masken unzehalen.

Lycée Robert Schumann: Eng Rei vulnerabel Persoune sinn dëse Méindeg doheem bliwwen

Ronn 15 Schüler, déi selwer vulnerabel sinn oder mat enger vulnerabeler Persoun zesummeliewen, wieren de Méindeg de Moien net an d'Schoul komm, esou d'Michèle Remakel, Direktesch vum Lycée Robert Schuman de Moien op Nofro hin. Ronn d'Hallschent heivu wieren dëse Weekend, wéinst dem Aféiere vun den neie Mesurë bäikomm. D'Direktesch vum Stater Lycée betount och, datt hir opgefall wier, datt sech virun allem Enseignanten iwwer d'Ophiewe vun den A/B Gruppe géife Suerge maachen.


Michèle Remakel, Direktesch vum Lycée Robert Schumanplay_arrow


Wéinst dem Aféiere vun den neie Mesurë wieren iwwer de Weekend eng hallef Dose concernéiert Schüler mat engem Certificat bäikomm, esou d'Direktesch vum Stater Lycée.

Jonge Lycée: Maskeflicht am Gebai an an de Klassen

Si betount dobäi, datt sech virun allem Enseignanten iwwer d'Ophiewe vun den A/B Gruppen den Ament Suerge géife maachen. Och am Jongelycée zu Esch wieren et nieft de Schüler vill Enseignanten, déi iwwer d'Zesummeleeë vun den A/B Gruppe net frou wieren, esou den zoustännege Direkter Pascal Bermes.


Pascal Bermes, Direkter vum Jongelycée vun Eschplay_arrow


Dofir géife si den Ament d'Maskeflicht am Gebai an an de Klasse bäibehalen. De Méindeg de Moie wieren awer souwuel d'Schüler wéi och d'Enseignanten an d'Schoul komm, heescht et nach aus dem LGE zu Esch. Eng Rei vulnerabel Enseignantë géifen awer mam Homeschooling virufueren.