Radioen

On air

Notturno  |  Ninajirachi - Things I Never Nu

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gespléckten USA: Och bei der Impfcampagne

Impfcampagne

Gespléckten USA: Och bei der Impfcampagne

An den USA krute 44 Prozent vun der Bevëlkerung op d'mannst eng Dosis vum Covid-19-Vaccin. Eng séier Impfcampagne bréngt ee méi séiere Retour an eng Zort Realitéit wéi a villen anere Länner. Elo geet et drëms, de Rescht vum Land vun der Effikassitéit vum Vaccin ze iwwerzeegen.

auto_stories

2 min

No esou laangem Waarden huet een d'Gefill, datt alles elo ganz séier geet. Hei zu Washington hunn de Weekend d'Kinoen nees opgemaach - zwar just mat 25 Prozent vun hirer Gesamt-Capacitéit: trotzdeem, nees an de Kino goen ze kennen, dat ass eent vun de Symboler op dat mir iwwer e Joer gewaart hunn. Esou séier kann et effektiv goen, wann d'Impfcampagne an de verschiddene Staaten am um nationalen Niveau mat der momentaner Urgence gemaach gëtt.

Vill spieren e bësse Patriotismus dee Moment wou si sech picke loossen. Anerer schéngen aus Stolz de Géigendeel ze maachen. Do mécht besonnesch ee rezente Sondage vun der Quinnipiac University Angscht. Ënner de Republikaner hu 45 Prozent net vir, de Vaccin ze kréien. Den Ex-President Donald Trump gëtt vu munche Leit opgefuerdert, seng Supporter zur Impfung opzeruffen, mee hie weist sech stuer. Hie selwer gouf iwwregens nach wärend senger Amtszäit am Wäissen Haus geimpft, mee datt wollt hien, et schéngt, kengem soen.

An esou bleift et beim Afloss vum Trump op seng Supporter: esou laang huet hien de Geck mam Virus gemaach, a vu fantasteschen Traitementer geschwat, datt villes net vergiess gouf. Et ass elo um President Joe Biden d'Amerikaner ze motivéieren, mee de Sondage vun de 45 Prozent, dee weist datt hien nach vill Aarbecht huet.

Campagne kënnt geschwënn u seng Limitten

Déi amerikanesch Impfcampagne war, an ass esou séier, datt si elo lues awer sécher ofschwächt. Elo geet et éischter drëms, Leit ze iwwerzeegen déi villäicht e bëssen Angscht hunn. Déi 45 Prozent vun de Republikaner ze iwwerzeegen, dat wäert ongeféier esou schwéier si wéi en Trump-Wieler an de Camp vun den Demokraten ze kréien. Onméiglech am gespléckten Amerika.

Gespléckt och wat d'Benotze vun de Masken ugeet. Den Joe Biden huet lescht Woch stolz ugekënnegt datt wéinst de villen Impfungen et elo net méi néideg ass de Mondschutz ze droen, wann ee sech mat anere geimpfte Leit trefft. Wat fir Masken, freet sech e gudden Deel vun Amerika, wou een de Virus probéiert huet ze ignoréieren am Plaz sech ze beschützen. Am Trump sengem Amerika waren dat jo alles just Recommandatiounen, keng Reegelen.

D'Impfcampagne ass impressionant, mee wäert geschwënn seng Limitte weisen, wann op ee Mol keng Leit méi an der Schlaang stinn, an en Deel vu Mëttel-Amerika léiwer doheem bleift.