D'Paulette Lenert huet erkläert, datt een de Freideg nach wëlles hat, Evenementer vu méi wéi 100 Leit zouzeloossen, mee datt se missten am Virfeld bei der Santé notifiéiert ginn. Mee datt een elo decidéiert hätt, guer keng esou Evenementer méi zouzeloossen.
Och an engem eenzele Restaurant dierfen nëmmen nach maximal 100 Gäscht matenee sinn.
Och nei dobäi komm par Rapport zu den Annoncë vum Freideg: Grouss Geschäfter vu méi wéi 400 Quadratmeter dierfe just nach ee Client pro 10 Quadratmeter empfänken.
Zäitdrock
Elo kéint ee sech et net erlaben nach laang ofzewaarden. Déi nei Mesurë wieren néideg. D'Regierung géif d'Entwécklung déi nächst Deeg weider ganz genee suivéieren. Dofir géif een elo an en aneren Discours iwwergoen, an e Paradigmewiessel maachen. E komplette Lockdown wéilt een awer evitéieren.
Déi nei Mesuren hätten als Zil d'sozial Kontakter maximal ze limitéieren. Wann een doheem just nach véier am Plaz zéng Gäscht dierft invitéieren, wier dat schonn eng gutt Risikolimitéierung.
Strofe gi verschäerft
D'minimal Strof wéinst dem Net-Respekt vun enger Mesure gëtt fir physesch Persoune vu 25 op 100 Euro gehuewen, esou d'Gesondheetsministerin.
D'Detailer iwwer d'Reegelen am Sport géife per Règlement grand-ducal fixéiert ginn. De Sportminister Dan Kersch géif dës Woch nach eng Pressekonferenz organiséieren.
Personalmanktem
Wéinst de personellen Engpäss beim Contact-Tracing (fir d'Kontakter vun de Leit mat engem positiven Test ze retracéieren) sollen ë. a. Mataarbechter vun der Luxair aushëllefen.
Wat d'Rekrutéiere vu Gesondheets-Personal aus der Groussregioun ugeet, géif kee sech gutt dobäi spieren, datt een den Nopeschlänner an enger akuter Situatioun géif "Leit ewech huelen". Dofir géif een elo kucken, wéi een hei am Land kéint mobiliséieren, esou d'Paulette Lenert. Si wier frou iwwer déi konstruktiv Dynamik. Si kéint awer net ausschléissen, datt nach auslännesch Fachkräfte sech hei am Land op oppe Poste mellen.