Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Taylor Eigsti - Beyond The Blue (feat. Gretchen Parlato)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Landwirtschaft-Label: "Gesetzesprojet muss nogebessert ginn"

Luc Emering

Landwirtschaft-Label: "Gesetzesprojet muss nogebessert ginn"

Datt een neien Zertifizéierungs a Qualitéitssystem zu Lëtzebuerg fir d'Landwirtschaft geschaaft gëtt, begréisst d'Landjugend an d'Jongbauere-Vereenegung, mee de Gesetzesprojet misst nogebessert ginn.

auto_stories

3 min


Lauschtert dat ganzt Gespréichplay_arrow


Den Agrarminister Romain Schneider plangt d'Schafe vun engem neie Label, de Gesetzprojet geet awer net wäit genuch, well en ze onprezis ass, esou de Luc Emering, President vun der Vereenegung Landjugend a Jongbaueren. Generell géif een d'Iddi vun enger Vereenheetlechung beim Label begréissen, well et doduerch fir de Konsument méi einfach am Supermarché gëtt:

"Aktuell ginn et vill där kleng Label. Um Produit soll dann iwwer dee neie Label drop stoe komme vu wou de Produit kënnt an ënner wéi enge Konditiounen dee produzéiert gouf.

Mat der Zäit kruten d'Baueren zu Lëtzebuerg eng Rei Oploen ze erfëllen. Am Gesetzprojet zum neie Label ginn déi awer net mat integréiert, bedauert de Luc Emering.

"Mir hu ganz ambitiéis ekologesch Ziler wat och d'Fuerderung vun der Politik ass an déi musse mer och ëmsetzen. Dee Gesetzprojet spigelt dat awer net erëm, wat alles gemaach gëtt fir d'Biodiversitéit, fir den Ëmwelt a Waasserschutz oder fir den Déierewuel. Déi Krittäre sinn am Gesetzprojet immens vag ausgedréckt. Dësweideren hu mer de Begrëff Regioun dra stoen, deen och ganz vag ass. Dat heescht mir sinn an der Situatioun, datt d'Regioun esou grouss definéiert gëtt, datt och ee Betrib aus der Groussregioun, deen zum Deel zu komplett ënnerschiddleche Produktiounskrittäre schafft wéi dat hei am Land de Fall ass, ka bei deem Zertifizéierungssystem do matmaachen. Iwwer dee Wee kann deen och ënner dem Logo "agrée par l'état" seng Produkter verkafen. Mir kritiséieren, datt deen Zertifizéierungs- a Qualitéitssystem kee reelle Méiwäert fir déi regional Liewensmëttelproduktioun aktuell duerstellt an awer soll duerstellen. Do musse mer un de Stellschrauwen dréine goen."

Am Gesetzprojet misste konkret Krittäre festgehale ginn.

Lëtzebuerg war ee vun den éischte Länner, déi de Glyphosat verbueden hunn, mee dee Krittär wier am Gesetzprojet net dra virgesinn, kritiséiert de Luc Emering.

"De Glyphosatverbuet ass eppes wat mer kënnen an d'Schaufënster setzen, wou mer ee Surplus hunn hei an Europa am Verglach zu villen anere Länner. Mir waren ee vun den éischten déi erausgeklomme sinn, firwat ass dat elo kee Krittär an deem neie Labelgesetzprojet? Ech mengen dat wier eppes wou mer ee Wettbewerbsvirdeel hätte fir eis Lëtzebuerger Produzenten. Da kommen notzen esou eppes aus a mir schreiwen dat do dran."

Gemeinsam Agrarpolitik matgestalten

Landjugend a Jongbauere wëllen aktiv un de Verhandlungen iwwer déi zukünfteg ekologesch Oploen zur gemeinsamer Agrarpolitik (GAP) participéieren.

Bei der zukünfteger GAP, kréien déi eenzel Memberstaaten vill Fräiraum fir hiren eegenen Oploekatalog auszeschaffen an deen dono u Bréissel ze schécken. D'Landjugend an d'Jongbauere wëllen do matagebonne ginn.

"Do hoffe mer datt de Secteur aktiv matagebonne gëtt beim Ausschaffe vun de neien Ecoschemes, dat sinn déi nei ekologesch Oploen, déi d'Baueren zu Lëtzebuerg bannent deenen nächste Joerzéngten erfëlle mussen. Do hoffe mer, datt mam Secteur geschwat gëtt an datt do och ee System op d'Bee gesat gëtt, wou déi Bauere belount ginn, déi aktive Klimaschutz bedreiwen, déi sech Méi ginn op hire Betriber, fir eppes a Richtung Agrar, Klima an Ëmweltschutz ze erreechen."