D'European Broadcasting Union gesäit de Projet de loi fir en ëffentlech rechtleche Media 100,7, deen am Januar an der Chamber deposéiert gouf ganz positive, seet d'Jenny Weinand, juristesch Beroderin bei der EBU. Si géif däitlech Verbesserungen par rapport zum "bisherigen Rechtsrahmen" gesinn, deen "ziemlich löcherig, um nicht zu sagen rüdimentär" wier.
Dat neit Gesetz géif d'Grondpiliere setzen. Dat heescht, den institutionellen Opbau reegelen, d'Onofhängegkeet an d'Missioun gesetzlech verankeren an d'Leitplanke fir de Finanzement setzen. Et gëtt awer och Kritik. Et wier zum Beispill wichteg ze klären, datt de Media 100,7 all Distributiounskanäl zur Verfügung hätt, fir seng Missioun ze erfëllen, och online. All dat wier wichteg fir och déi méi jonk Schichte vun der Populatioun ze erreechen.
Verwaltungsrot hätt ze grouss Zoustännegkeeten
D'EBU appreciéiert, wat déi extern Onofhängegkeet ugeet, datt net méi all Verwaltungsrotsmembere solle vun der Regierung genannt ginn. Allerdéngs ass si an hirem Avis der Meenung, datt d'Parlament an de Nominatiounsprozess soll agebonne ginn. Wéi géif een dann evitéieren, datt d'Regierungsparteien d'Poste besetzen? D'Jenny Weinand seet, datt ee mat enger Zwee-Drëttel-Majoritéit schaffen, oder awer explizitt d'Abanne vun der Oppositioun fuerdere kéint.
Eng aner Suerg ass déi intern Onofhängegkeet, also d'Zoustännegkeete vum Verwaltungsrot, déi der EBU ze wäit ginn:
"Da sehen wir beispielsweise eine Gefahr darin, dass er (der Verwaltungsrat) sich in Programmsachen einmischen könnte und natürlich ist das für uns ein rotes Tuch, also jede ex-ante Kontrolle vun Inhalten von Programmen bevor sie veröffentlicht sind, ist natürlich ein starker Einschnitt und ein Risiko für die Unabhängigkeit."
D'EBU stéiert sech och drun, datt de Verwaltungsrot den internen Organigramm soll approuvéieren. Si warnt och dofir, d'Finanzéierungskonventioun tëscht Regierung a Media 100,7 iwwer zéng Joer lafen ze loossen. Et wier schwiereg d'Ausgaben iwwer sou e laangen Zäitraum am Viraus ze plangen.