Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesellschaften am Santésberäich: Santé iwwerhëllt Text vu Collège Medical an AMMD

Santé

Gesellschaften am Santésberäich: Santé iwwerhëllt Text vu Collège Medical an AMMD

D'Textvirlaag fir de Gesetzesprojet iwwer d'Doktersgesellschaften ass net am Santésministère entstanen, mee kënnt vum Collège Médical an der Dokteschassociatioun AMMD. Béid Acteuren hunn e groussen Interessi um Dossier. De President vum Collège Médical confirméiert, datt d'Santé d'Virlag gréisstendeels iwwerholl huet. Dat geplangte Gesetz soll de Gesondheetsberuffer d'Méiglechkeet gi fir Societéiten ze grënnen.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow

Nach ënnert dem fréieren LSAP-Gesondheetsminister Etienne Schneider hätten de Collège Medical an d'AMMD proposéiert, fir selwer eng Textvirlag fir dat vun hinne scho laang gefuerdert Gesetz auszeschaffen, seet de Pit Büchler.

"A wou de Ministère dat och appreciéiert huet, datt et esou kéint goen. Sou datt mir gemeinsam higaange sinn - déi zwou genannten Organisatiounen - fir ze soen: Da maache mir elo eng Proposition de texte, déi mir dann erschafe gelooss hu vun enger Etude d'Avocats."

Arendt a Medernach gouf jee zur Hallschent vum Collège Medical a vun der AMMD fir dësen Zerwiss bezuelt. No zwou Presentatiounen an Ännerungen ass den Text dunn dem Gesondheetsministère virgestallt ginn.

An der Essenz géif den Avant-Projet de Loi, deen de Gesondheetsministère elo virgeluecht huet, der Propos vum Collège Medical an der AMMD entspriechen, seet de Pit Büchler.

Collège médical aviséiert elo eegenen Text

Geännert hätt dem Pit Büchler no just, datt den Avant-Projet elo net reng d'Dokteren, mee och déi aner Gesondheetsberuffer an d'Veterinäre betrëfft. Dem Gesetz no huet de Collège Medical d'Aufgab fir Gesetzprojeten ze aviséieren - an net fir se zesumme mat enger Lobbyorganisatioun ewéi der AMMD ze schreiwen. Trotzdeem seet de Pit Büchler, et wier en "absolutt legitimme Prozess".

Elo soll de Collège Medical een Avis zum Avant-Projet formuléieren - also zu engem Text un deem senger Origine d'Gremium selwer steet. Zur Fro, ob deen Avis jo da wuel positiv wäert ausfalen, seet de President vum Collège Medical:

"Majo (laacht), ech menge mir wiere frou, wa mir ëmmer an där Situatioun wieren, wou mir en Text misste gutt fannen, well mir à l'origine vun dem Text wieren. Et gi jo och vill Texter gemaach, wou mir net esou zefridde sinn."

De Gesondheetsministère huet sech op eis Nofro hin nach net am Detail zur Entstoungsgeschicht vum Avant-Projet iwwer d'medezinesch Societéite geäussert. Mee just confirméiert, datt de Ministère nodeems en d'Textpropose krut, selwer nach am direkte Kontakt mat der Etude Arendt & Medernach war, éier den Avant-Projet finaliséiert gouf.

D'Wochenzeitung Lëtzebuerger Land hat am Fréijoer als éischt geschriwwen, datt d'AMMD, de Collège Médical an en Affekotebureau der Santé en Text geschéckt hätten en vue vun engem Gesetzesprojet. Dorops ugeschwat, hat d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert deemools gesot: "Der Vorschlag von AMMD und Collège médical wurde vom Ministerium in einigen Hinsichten weiterentwickelt."