Radioen

On air

Notturno  |  Bernice - Groove Elation

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gérard Koneczny: Warscheinlech keng nei Referendumsinitiativen

Verfassungsreform

Gérard Koneczny: Warscheinlech keng nei Referendumsinitiativen

De Gérard Koneczny geet net dovun aus, datt weider Initiative lancéiert gi fir d'Organiséiere vun engem Referendum iwwert déi dräi weidere Kapitele vun der Verfassungsrevisioun unzefroen. Dat huet de Member vum Comité d'Initiative haut am 100,7-Interview gesot.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / perhapzz

Et war jo net gelongen, déi néideg 25.000 Ënnerschrëften zesummen ze kréien, fir datt et zu engem Referendum iwwert d'Justiz-Kapitel komm wier. Knapp 7.400 Leit haten dës Demande Enn vum leschte Joer ënnerstëtzt.

Eng Erklärung dofir wier, datt d'Gemengen "déi Saach net esou ënnerstëtzt hu wéi si sollten", esou d'Kritik vum Gérard Koneczny. "Dobäi kënnt, datt vill Leit warscheinlech Distanz geholl hunn, wéinst dem Impfgéigner, déi do ganz vill an deem Comité vertruede waren."

Net äussere wëllt de Gérard Koneczny, ob et gutt oder schlecht war, gemeinsam Saach mat den Impfgéigner an de Rei vum Comité d'Initiative ze maachen: dat kéint hien net beurteelen, esou den CSV-Member. Ausser dem President vum Comité géif hie kee vun deenen anere sechs Memberen direkt kennen.